En Donneschdeg de Moie war eng vun den Organisatrice vum Fraestreik eis Invitée vun der Redaktioun.

D'Care-Aarbecht, d'Fleeg vun engem aneren. Déi géif nach ëmmer méi vu Frae gemaach gi, wéi vu Männer, sief et am Fleegesecteur oder doheem am Stot. Do wier dës Aarbecht gratis an dowéinst net unerkannt.

D'Care-Aarbecht steet am Zentrum vum éischten nationale Fraestreik de Samschden.

D'Line Wies vun der Plattform déi de Streik organiséiert, war ons Invitée vun der Redaktioun.

Si huet erkläert, datt et nach ëmmer d'Meenung géif ginn, datt d'Frae genetesch dofir bestëmmt wieren, an d'Männer fir d'Suen an d'Haus ze bréngen.

Dernieft gëtt et och en ekonomeschen Hannergrond, well d'Fraen nach ëmmer manner verdénge wéi d'Männer.

Hei wier d'Politik gefrot.

Eng Fuerderung ass zum Beispill eng generell Aarbechtszäitverkierzung. Zum Beispill eng 32-Stonne-Woch vir jiddereen, bei nämmlechter Paie, sou nach d'Line Wies, fir déi Feminismus nach ëmmer néideg ass, wann ee sech déi negativ Reaktiounen op de geplangte Fraestreik ukuckt.

Invité vun der Redaktioun: Line Wies
RTL

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.