En Dënschdeg de Moie war den Direkter a President vun der CNS eisen Invité vun der Redaktioun.

Déi verschidden Aktiounen, wéi déi speziell Congéë wéinst dem Coronavirus, wäerten d'CNS an de Staat vill kaschten.
Beim "Congé pour raisons familiales" wieren et zum Beispill 25 Milliounen Euro pro Woch.

Dat huet den Direkter a President vun der Gesondheetskeess, Christian Oberlé, um Dëncschdegde Moien am RTL-Interview erkläert. Dowéinst wier et gutt, datt een déi lescht Jore finanziell Reserven hätt kënnen opbauen, déi elo kéinte punktuell agesat ginn.

D'CNS iwwerhëlt jo och zanter dem 1. Abrëll 100% vun de Krankeschäiner. Dat bedeit 50 Millioune pro Mount.
Well d'Gesondheetskeess d'Krankeschäiner elo vum éischten Dag opkënnt, goung d'Zuel vun de Payementer vun normalerweis 8.000 op elo 70 bis 80.000 erop.

Et géingen awer net onbedéngt méi Krankmeldunge ginn,  mä déi géinge méi laang daueren, wéinst dem COVID-19.

Op alle Fall hätt een den Ament vill méi Aarbecht bei der Gesondheetskeess. D'Online-Plattform fir Téléconsultatioune gouf quasi iwwer Nuecht en Place gesat. Mëttlerweil géing de System och besser funktionéieren. Et wiere scho méi wéi 2.000 Consultatioune ginn a 600 Doktere wieren ageschriwwen.

Invité vun der Redaktioun: Christian Oberlé

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.