Leit, déi op der Strooss liewen, ginn elo nach besser gesinn

En Donneschdeg de Moie war den Direkter vum Comité national de défense sociale eisen Invité vun der Redaktioun.
D'Corona-Kris trëfft natierlech och déi Leit, deenen et net gutt geet. Déi Responsabel vum Comité national de défense sociale stelle fest, datt et den Ament allgemeng eng grouss Solidaritéit gëtt, notamment Geschäftsleit hätten zum Beispill Iessen zur Verfügung gestallt. Dat sot den Direkter vum CNDS, Raoul Schaaf, en Donneschdeg de Moien am RTL-Interview.
An der Sozialaarbecht wier et manner evident Distanz ze halen an dofir huet villes missten ëmgestallt ginn.
Wat den Abrigado zum Beispill betrëfft, wier et wichteg gewiescht, sech engersäits un d’Recommandatioune vun der Regierung ze halen, anersäits d’Offer oprechtzeerhalen, betount de Raoul Schaaf. De Café, wou sech normalerweis tëscht 40 a 50 Leit ophalen, gouf zougemaach. Et huet een sech op déi essentiell Servicer reduzéiert:
"Wat op där enger Säit de Sprëtzentausch ass, also d’Sammele vum gebrauchte Sprëtzmaterial an de Leit proppert Sprëtzmaterial zur Verfügung ze stellen. Op där anerer Säit d’Infirmerie, wat e ganz wichtege Service ass. An den Drogekonsumraum, wou d’Leit surveilléiert d’Drogen, déi se kaf hunn, zou sech huelen. An eise Nuetsfoyer am Abrigado."
D’Unzuel u Leit, déi an den Abrigado kommen, hätt net weider changéiert zanter dem Ausbroch vum Virus. An der Struktur selwer dierfe momentan awer net méi wéi 8 Leit eran:
"Dat heescht op där anerer Säit natierlech och, datt d’Waardezäite méi laang sinn an datt virun der Dier d’Leit stinn ze waarden, fir kënnen een no deem aneren eranzekommen."
Ma och bei den anere Servicer vum Comité national de défense sociale huet missen ëmgeduecht ginn. Zum Beispill gouf ugefaangen Masken ze bitzen:
Ënnert anerem fir de Leit, déi virum Abrigado stinn, déi kënnen ze ginn, well déi keen Accès op Masken hunn. Mer versuergen antëscht eng Partie Associatioune mat sou Masken. Mir hu mat all de Precautiounen, déi ee muss huelen erëm eng Aktivitéit konnten ophuelen, déi och Sënn mécht.
Well d’Sans-Abrisen de Moment bal déi eenzeg sinn, déi sech nach op der Strooss ophalen, géif de Problem duerch d’Kris vill méi siichtbar ginn, huet de Raoul Schaaf nach ënnerstrach.
Och an den anere Strukture vum CNDS hätt een de Betrib missten ëmstellen. Verschidden Aktivitéite goufen dem aktuelle Kontext ugepasst. An der Vollekskichen funktionéiert zum Beispill elo en „take away“. Da ginn awer och weiderhi Spadséierweeër gebotzt, well déi jo den Ament besonnesch vill genotzt ginn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
