E Freideg de Moie war d'Presidentin vun der Infirmières- an Infirmiersassociatioun eis Invitée vun der Redaktioun.

Eis Problemer sinn duerch d'Pandemie elo fir jidderee visibel an ze spieren, mee geännert huet sech nach net wierklech eppes, dat sot d'Presidentin vun der Associatioun vun den Infirmièren an Infirmieren e Freideg de Moie bei eis am RTL-Interview.

Déi aktuell Situatioun beschreift d'Anne-Marie Hanff als Marathon bei deen elo, mat de ville Krankheetsfäll, nach e Sprint dobäikomm wier. D'Personal géif duerhalen an op d'Zänn bäissen. Et géif een awer och hoffen, datt no zwou Wochen eng däitlech Entlaaschtung kënnt. 11 Schichten hannertenee schaffen, dat kéim den Ament net seele vir. D’Leit misste méi dacks ee fir deen aneren asprangen a kucken, datt se no 11 Deeg mol een Dag fräi hunn. Och scho viru Covid, wier eng Infirmière mat enger Aide-soignante eleng an der Nuecht fir een Altersheem eng Erausfuerderung gewiescht. Elo mam Coronavirus wier et net méi ze stemmen. Scho guer net op laang Dauer, sou d’Presidentin vun der Anil.

D’Personal ass d‘Schwaachstell

D’Infirmièresassociatioun huet e Freideg de Moien nach emol betount, datt et nëmme wéineg Reserve beim Personal gëtt. D’Personal, dat schafft, misst och geschount ginn, well et géif nach laang daueren. Den Ament géif et éischter hei am Land zu "Personalverschiebungen" kommen, amplaz datt Leit bäikommen. Aus den Alters- a Fleegeheemer an anere Strukturen eriwwer an d’Spidol. An déi géifen do dann natierlech feelen.

Et géif eben net nëmmen op d’Material ukommen. D’Personal ass d’Schwaachstell, dat wëll d’Anil och e Freideg am Nomëtteg an enger Entrevue dem Premier Xavier Bettel matdeelen. Hien hätt dat wuel och verstanen. Konkret Léisungsvirschléi awer géife bis haut net um Dësch leien.

Extrait Anne-Marie Hanff

Fir d’Anne-Marie Haff ass awer spéitstens elo definitiv de Moment komm, fir déi batter néideg Reform am Gesondheets- a Fleegesystem unzegoen an de Personalmanktem ze léisen.

Penurie zur Chefsaach deklaréieren

D'Anil fuerdert konkret en nationalen Aktiounsplang fir de Secteur, an deen all concernéiert Ministère mat agebonne ginn: Santé, Educatioun, Héichschoul, a Sécurité sociale. All dës Acteure misste sech zesummen un deen Dësch sëtzen a gemeinsam kucken, wéi een d’Penurie léise kann. De Personalmanktem am Gesondheetssecteur misst vum Staatsminister zu enger absolutter Prioritéit deklaréiert ginn. D’Madame Lenert kéint dat net eleng stemmen. Dat wier onméiglech.

Et misst een elo fort vun de Wierder hin zu Léisungen. Et hätt ee gemierkt wéi séier den Interessi nees fort war, wéi déi éischt Well ofgeklonge war. Duerfir géif ee sech an dëser Well net méi zréckhalen.

Et ass gewosst, datt mer zanter Joren net méi genuch Infirmière forméieren

Wat d’Formatioun ugeet, hält d’Anil weider drop, datt se op e richtege Bachelor-Niveau gehuewe gëtt. Zanter Jore wier gewosst, datt Lëtzebuerg net genuch eegen Infirmièren an Infirmiere forméiert. Dat wier schonn honnertdausend Mol gesot ginn. Mä et wier einfach näischt gemaach ginn. Et wier einfach net seriö geholl ginn a sech op d’Ausland verlooss ginn. Elo an der Pandemie géif een awer mierken, wat fir eng Konsequenzen dat kann hunn. Datt d'Regierung d'Ausbildung vun 3 op 4 Joer verlängert huet, nennt d'Anne-Marie Hanff éischter "Gebastels". Dat wier aus enger Hauruck-Aktioun eraus entstanen, well d'Schüler a Schülerinne soss net genuch praktesch Stonne gehat hätten. En attraktive Bachelor awer géif d'Leit unzéien an de Beruff valoriséieren. Et hätt och mol nach keen ausgerechent wéi vill en Infirmiersstudium op Bachelor-Niveau kaschte géif.

Déi geplangte Reform vun Astellungscritère fir den Direktiounsposten a spezialiséierte Lycéeën, dorënner den LTPS, huet d’Anil  kal erwëscht.

D’Argument, datt ee keng Kandidate géif fannen, kéint een net gëlle loossen, wann déi fräi Plaz guer net ausgeschriwwe géif.

Invité vun der Redaktioun: Anne-Marie Hanff

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.