D'Police muss Aufgaben ofginn
En Donneschdeg de Moie war de President vun der Policegewerkschaft SNPGL eisen Invité vun der Redaktioun.
D'Stëmmung tëscht dem Policeminister Henri Kox an der gréisster Policegewerkschaft SNPGL ass den Ament alles anescht wéi gutt. Béid Säiten hu sech déi lescht Deeg via Communiqué géigesäiteg virgeworf, mat falschen Aussoen an Hallefwouerechten Tatsaachen ze verdréien. De President vum SNPGL, Pascal Ricquier, war en Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. An engem Schreiwes vun e Mëttwoch vun der SNPGL geet souguer rieds vun engem diktatoresche Monolog vum Henri Kox an Diffamatioun.
De Minister hätt den SNPGL energesch ugegraff a mat Féiss gerannt, sot de Pascal Ricquier en Donneschdeg de Moie bei eis op der Antenn.
Konkret reprochéiert déi gréisst vun de Policegewerkschaften dem Minister, um Radio mat Zuelen operéiert ze hunn, déi net ganz richteg gewiescht wieren, notamment, wéi vill Leit um Terrain op der Gare reell am Asaz sinn. Woubäi de Pascal Ricquier en Donneschdeg och net soe konnt, wat déi richteg Zuele waren. Well si selwer vum Ministère keng Zuele kréichen, hätt d'Gewerkschaft déi selwer gesammelt. Ma rezent hätten hir Leit verbuede kritt, esou Donnéeë weider ze ginn. Wann dem Ministère seng Zuelen also richteg wieren, firwat dës dann net och einfach transparent weider ginn, freet ee sech beim SNPGL.
De Pascal Ricquier fënnt all Zäit, hei sollt e Bild vermëttelt ginn, wat net der Realitéit entsprécht. Déi 85 Polizisten, vun deenen de Minister schwätze géif, wieren nämlech net all zesummen um Terrain.
Mat private Sécherheetsfirmen dréine mer am Krees
Wat déi privat Sécherheetsfirma ugeet, déi aktuell op der Stater Gare patrulléiert, huet de President vum SNPGL nach betount, dass ee sech do géif am Krees dréinen. Et géif ee verstoen, datt eng Gemeng op de Wee geet, fir den Awunner méi e grousst Sécherheetsgefill ze ginn, awer déi Sécherheetsleit dierfte selwer näischt ënnerhuelen. Wa se eppes feststellen, musse se d'Police ruffen, sou de Pascal Ricquier, an da sti mer erëm um Ufank vum Problem. Dat heescht, dass d'Police net genuch Zäit a Personal huet, fir sech ëm dës Affären ze këmmeren. An déi géife sech och net exklusiv ëm d'Drogeproblematik an déi aner Problemer op der Gare bekëmmeren, mee missten och vill aner Aufgabe leeschten: Kontrolle maachen, Verkéierskontrollen, Plainten an Noiwwerpréiwungen. Alles dat géif vill Zäit huelen.
Ze vill Aufgabe fir ze wéineg Personal
Fir géint de Personalmanktem virzegoen, proposéiert d'SNPGL iwwerdeems, dass d'Gefaangenentransporter kéinte vun de Giischtercher iwwerholl ginn. Den Ament schaffen eng 60-70 Polizisten eleng an deem Service. An d'Giischtercher, dovunner ass de Pascal Ricquier iwwerzeegt, géifen dat och gär maachen, well "da géifen déi och aus hire véier Maueren erauskommen". Respektiv kéinten och eng Rei Aufgabe vu Gemengenagente gemaach ginn, fir d'Police z'entlaaschten. Si kéinte ganz vill Missiounen iwwerhuelen, sou den SNPGL-President. D'Police kéint net méi alles maachen a misst sech dowéinst reorganiséieren.
Dem Pascal Ricquier no kéint dee Problem net geléist ginn, wann ee keng Aufgabe géif ofginn. Eleng mam Rekrutement kréich een dat net an de Grëff.
E Freideg de Moien ass iwwerdeems eng Pressekonferenz vum grénge Policeminister, op där den Henri Kox iwwert d'Defiéen, d'Projeten an d'Prioritéite vun der Police schwätze wëll.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu, op der App an am RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.