E Freideg de Moie war de President vun der CGFP eisen Invité vun der Redaktioun.

De President vun der Staatsbeamtegewerkschaft huet seng Demande fir eng prioritär Impfung vu systemrelevante Beruffer verdeedegt. Fir iwwert de Gehälteraccord vun 2023 ze schwätzen, wier nach vill ze fréi.

An 20 Memberstaate vun der EU géingen Enseignantë scho prioritär geimpft ginn. Sou huet de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft, de Romain Wolff, de Freideg de Moien hei op RTL seng Fuerderung no enger Prioritiséierung och hei am Land verdeedegt.

D'Regierung an d'Staatsbeamtegewerkschaft ware sech Méindeg eens ginn, datt verschidde Beruffer prioritär solle geimpft ginn. Dat sinn zum Beispill d'Enseignanten oder d'Polizisten, mee net nëmmen. De Romain Wolff huet erkläert: d'Administratioune sollen elo selwer Lëschten opstelle vu systemrelevante Beamten. Zwou Konditiounen, fir da prioritär geimpft ze ginn, wieren, datt d'Leit iwwer 45 net solle prioritär geimpft ginn, well déi scho misste geimpft sinn an den Ethikrot misst nach gréng Luucht ginn.

D'Fuerderung vun der CGFP, datt Leit solle kënnen de Vaccin aussichen, gouf iwwerdeems net zeréckbehalen. De Romain Wolff huet dat bedauert, well senger Meenung no een esou eng Rei Skeptiker kéint iwwerzeegen, sech awer impfen ze loossen.

Wat déi nei Covid-Reegele vum 16. Mee ugeet, huet hien iwwregens annoncéiert, datt d’Staatsbeamtekummer sech kloer wäert géint d’Derogatiounen ausschwätzen, déi ënnert anerem sanitär Precautioune bei der Formatioun vun de Poliziste géingen ophiewen. "Mir hätten natierlech gär eng gutt forméiert Police, dat ass kloer, mee sinn dat op eemol Leit vun zweeter Klasse?", sou de Romain Wolff.

Tripartite a Gehälteraccord

D'CGFP ënnerstëtzt iwwerdeems d'Demande vun de Gewerkschaften am Privatsecteur, den OGBL an den LCGB, fir eng Tripartite anzeberuffen. Am Moment géing een nach kucken, aus der Pandemie erauszekommen, mee d'Fro, wien fir d'Kris bezilt, kéim iergendwann. Wat net dierf sinn, sou de Romain Wolff, dat wier, datt wéi bei anere Krisen den normale Bierger erëm bezuele misst.

Hat d'Staatsbeamtegewerkschaft nach virun der Kris eng Erhéijung vum Punktwäert an der Fonction publique gefuerdert, sou huet se beim Gehälteraccord vu Mäerz dëst Joer op eng strukturell finanziell Erhéijung verzicht. Bei der CGFP wier ee sech „praktesch total eens" gewiescht, datt et an enger Zäit, wou d'Existenze vu Leit um Spill stinn, net de richtege Moment gewiescht wier, fir finanziell Fuerderungen ze stellen. Op d'Fro, ob eenzel Memberen dann awer méi gefrot hunn, huet de Romain Wolff geäntwert: "Et ass doriwwer geschwat ginn."

Keng Erhéijung 2021 also, mee gëtt et dann e Kaddo am nächste Gehälteraccord kuerz virun de nächste Walen 2023? Dem CGFP President no wier et „e bësse fréi, fir iwwerhaapt iwwert esou Saachen ze schwätzen". Et wéisst een nach net, wéi een aus der Kris erauskënnt a wéi d'finanziell Situatioun wäert sinn. Et wier de falsche Moment, fir iergendeppes an d'Fënster ze stellen, wat duerno kenger Realitéit entsprécht. D'Politik géing och net ëmmer maachen, wat d'CGFP wëll, sou nach de Romain Wolff. Dat géing ee jo scho gesinn bei der Fuerderung, datt d'Leit solle wiele kënnen, wéi ee Vaccin se kréien.

Invité vun der Redaktioun: Romain Wolff

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.