E Méindeg de Moie war d’Chargée de direction vum Kanner- a Jugendtelefon eis Invitée vun der Redaktioun.

D'Pandemie-Joer war fir vill Kanner, Jonker a Famille ganz ustrengend a stresseg. Dat sot d'Chargée de direction vum Kanner- a Jugendtelefon, d'Barbara Gorges-Wagner. Si war um internationalen Dag vun de Kanner-Helplinen eis Invitée vun der Redaktioun.

D'Zuele vun den Telefonsgespréicher wieren zwar net geklommen, dofir awer d'Demande no Hëllef online. Am Ganzen hat d'Kanner-Helpline 1.598 Kontakter zejoert, dat waren der 115 manner wéi 2019.  D'Aarbecht wier awer däitlech méi intensiv gewiescht an d'Gespréicher méi laang.

Bei der Online-Help hätt een och eng ganz däitlech Hausse gesi vu Gespréicher iwwer Suicide, Einsamkeet an Depressiounen, sou d'Chargée de direction vum Kanner- a Jugendtelefon. Dat géing d'Mataarbechter natierlech méi fuerdere wéi di aner Joren.

Global gesinn, wären d'Haaptthemen nach ëmmer am Beräich vun der psycho-sozialer Gesondheet. Wärend dem éischten Deel vun der Pandemie hätte Kanner am Alter tëscht 10 an 12 virun allem ugeruff, well se Angscht haten, dass een an der Famill géing stierwen oder se selwer géinge stierwen, respektiv hätte se Angscht gehat, sech unzestiechen. Wat d'Joer awer weider fortgeschratt ass, wat d'Kanner méi dacks ugeruff hunn, well se sech eleng gefillt hunn, well se hir Frënn vermësst hunn oder well se vun der Famill genervt waren, well et un Ausgläichsméiglechkeete gefeelt hätt, erkläert d'Barbara Gorges-Wagner. Et hätt een an dem Kontext och festgestallt, dass d'Situatioun an de Familljen ëmmer méi ugespaant a gereizt gewiescht ass, wéi soss.

„Einfach nolauschteren“

Et géing zwar ganz einfach kléngen, mä dat Wichtegst wär ëmmer nach, dass d'Mataarbechter vum Kanner- a Jugendtelefon einfach nolauschteren. Si hätten Zäit, se wären do, si hätten keng virgefäerdegt Meenungen, se wäre Wäert-fräi a genee sou ee Gespréich wär den Ufank vun enger Verännerung, wou een zesumme kéint kucken, wéi d'Situatioun kéint verbessert ginn, sou eis Invitée.

Am Schnëtt ruffe Kanner a Jugendlecher op der Nummer 116111 eng Kéier un. Dat wären dann eemoleg Gespréicher. D'Kanner kéinten awer do och e puer mol uruffen. Et wär dann awer och ëmmer en neie Kontakt. Bei der Online-Help do géif et awer e Suivi ginn, wou ee quasi 5-6 Mol oder souguer nach méi dacks hin an hier schreift an d'Jugendlech oder Kanner esou quasi mat duerch hir Krisen dréit.

An der Ekipp vum Kanner-a Jugendtelefon schaffe mëttlerweil 7 Professioneller, dorënner 5 Psychologen, awer net all Vollzäit. Donieft schaffen och 80 Benevolle fir d'Asbl. Dës Leit wären natierlech och entspriechend ausgebilt, erkläert d'Barbara Gorges-Wagner. Et géing een och ëmmer nees nei Leit ausbilden.

Manner Mobbing, méi Rassismus

Duerch den Homeschooling hätt een dann och constatéiert, dass manner Kanner oder Jugendlecher wéinst Mobbing uruffen, gläichzäiteg hätt sech dat awer einfach just verlagert. Et wär méi iwwer déi sozial Medien, zum Beispill op Teams gemobbt ginn. An do wéissten déi meescht Concernéiert einfach net, wéi se sech kéinten hëllefen.
Op der BEE SECURE Stopline hätt een iwwerdeems déi lescht 5 Joer eng steigend Tendenz fir Rassismus gesinn. Do géing ee sech ukucken, ob déi Meldunge legal oder illegal sinn. Wa se als illegal agestuuft ginn, da géing ee se un d'Police viruginn, sou d'Barbara Gorges-Wagner.

Nei online Peer-to-peer Chatberodung
Jugendlecher chatte vill, well et séier geet an een net misst waarden. Dofir hätt een elo eng Chatberodung entwéckelt mat engem neien Usaz, nämlech dass Jonker Jonker beroden. Et hätt een eng wonnerbar Equipe mat Leit tëscht 18 a 25 Joer op d'Been gestallt, déi elo d'Berodungsaarbecht géinge maachen, sou d'Chargée de direction vum Kanner- a Jugendtelefon. Am Hannergrond géing ee si natierlech begleeden. De Virdeel wier, dass déi  Jonk déi Themen déi ugeschwat ginn, nach besser géinge kennen a verstoen. Déi meescht géinge Mobbing aus der Schoul kennen, géingen eng Persoun kennen déi schonn u Suicide geduecht huet, oder se hate vläicht souguer selwer Konflikter an der Famill a wéisten deemno ganz genau wourëm et géing goen, an hätten hir eege Krise schonn iwwerwonnen.

Invité vun der Redaktioun: Barbara Gorges-Wagner

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.