Leit aus Garer Quartier sollen decidéieren, ob si eng Sécherheetsfirma wëllen
En Dënschdeg de Moie war d'Stater Buergermeeschtesch eis Invitée vun der Redaktioun.
Jiddereen, deen de Video gesinn huet, war schockéiert, ech och. Dat sot d'Lydie Polfer den Dënschdeg de Moien, déi Stater Buergermeeschtesch war eis Invitée vun der Redaktioun.
Wat hir och net gefall hätt, war, datt den Agent säin Hond net méi ënner Kontroll an den Hond kee Maulkuerf unhat. Et misst een awer wëssen, wat alles virdru scho geschitt ass.
Dee Video dauert 30 Sekonnen. Ma well do virdru Saache geschitt sinn a well vill Demandë vun der Press do waren, hu mir decidéiert, transparent ze sinn an un d'Press ze goen, sou d'Lydie Polfer, déi hir medial Sortie op alle Fall rechtfäerdegt. Natierlech misst een awer d'Enquête ofwaarden.
Et wëll een och ënner anerem vun där Enquête ofhängeg maachen, wéi ee weider verfiert. De Kontrakt mat der Firma géing lo mol bis den éischten November lafen.
Hätt een eng Video-Iwwerwaachung, wéi op anere Plazen an der Stad, da kéint déi ganz Affär vill méi séier gekläert ginn, mengt d'Buergermeeschtesch. Si wär jo net naiv a wéisst natierlech, datt déi 4 Sécherheetsleit net de Problem léisen. An natierlech hätt eleng d'Police d'Muecht vun der Gewalt.
D'Enquête misst elo klären, ob d'Sécherheetsfirma sech un all Reegele gehalen huet. D'Streetworker hätten awer och schonn owes, Stonne virdru gemierkt, datt d'Affer, dat vum Hond gebass gouf, sech relativ schlëmm opgefouert hätt, sou d'Lydie Polfer. Den Hond an de Meeschter ginn iwwregens fir den Ament net méi an der Gare op Patrull.
D'Lydie Polfer huet iwwerdeems den Dënschdeg de Moien en Appell un de grénge Policeminister Henri Kox lancéiert, fir eng Bierger-Versammlung am Garer Quartier nach dëse Mount z'organiséieren. Ech hätt gären, datt de Minister héiert, wat d'Leit soen, sou d'Lydie Polfer. Wann d'Leit soen, dat hëlleft net, hale mer direkt domadder op.
D'Situatioun am Garer Quartier wier net méi tragbar. Op oppener Strooss géing gedealt ginn an d'Leit, déi do wunnen, géinge sech onsécher fillen. Méi wéi 40% vun der Kriminalitéit am Land géing am Garer Quartier constatéiert ginn, sou d'Lydie Polfer.
Si wär e Méindeg den Owend nach op der Plaz gewiescht. 20-30 Dealere géifen do stoen an d'Police-Autoe géife laanscht fueren.
Wat den Drogekonsumraum Abrigado ugeet, sou hätt een déi prinzipiell Zouso, datt dee soll delokaliséiert ginn. Et géing lo no enger Plaz gesicht ginn.
Drop ugeschwat, ob d'Lydie Polfer 2023 op en Neits DP-Spëtzekandidatin an der Stad wéilt sinn, wollt si net kommentéieren. Et wär elo net de Moment. Dat géif si zesumme mat der Partei Enn d'nächst Joer decidéieren.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.