Lëtzebuerg e Räiskär ? "Nee, mir sinn ee vu ganz villen Acteuren"
E Freideg de Moie war déi gréng Ëmweltministesch eis Invitée vun der Redaktioun.
Klimaschutz muss d’Prioritéit sinn, mä et muss een de richtegen Equiliber fannen, fir jidderee mat u Bord ze kréien. Dat sot d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg um Freideg de Moien hei op RTL. Well déi eng géinge soen et géing net genuch ënnerholl ginn an anerer soen et géing ze wäit goen, wier et wichteg Klimaschutz als “Gesamtgesellschaft“ unzegoen, sou déi gréng Ministesch.
Natierlech géing et net just drëm goen Ziler festzeleeën an et kéint een diskutéieren, ob déi „ambitiéis genuch“ sinn. Déi Diskussioun géing mat der Economie, mä och mat deene Jonke gefouert ginn. Am Géigesaz zu den Aussoe vum Industrievertrieder René Wikin a vum Klimaaktivist Pol Polfer en Donneschdeg am Kloertext op der Tëlee, wier dësen Dialog der Ëmweltministesch no keng „Houmass“. Do géing een éischter a Richtung „Aarbechtsgruppe“ goen.
D’Carole Dieschbourg huet d’Klimapolitik vun der Regierung verdeedegt. Vu Klima- an Energieplang vum leschte Joer, iwwert de Klimapakt mat de Gemenge bis hin zu de verschiddene Primmen géing konkret geliwwert ginn. Iwwerdeems de Premier sot Lëtzebuerg wier an der Klimakris e „Raiskär“, sot d’Ëmweltministesch „Nee, mir sinn ee vu ganz villen Acteuren“ an an der Klimafro misst jidderee seng Hausaufgabe maachen. Mat där Astellung geet d’Carole Dieschbourg och op d’COP26 Ufanks November op Glasgow. Och wann aner Staaten net wéilten esou ambitiéis sinn ewéi d’EU, sou misst een hirer Meenung no awer weider no vir goen, well wann een zum Beispill ekologesch Batterien géing hei hierstellen, da géing een och Aarbechtsplazen an Zukunftstechnologie schafen, amplaz aner Länner ze „zerstéieren“.
SDK: zweeten Audit improbabel ?
Wat d’Onreegelméissegkeeten bei der Superdreckskëscht ugeet, huet d’Carole Dieschbourg d’Kritik net gëlle gelooss si géing nëmmen zaghaft fir Opklärung suergen (reporter.lu huet dat e Freideg de Moie kommentéiert). Si hätt no den éischten Artikelen an der Presse am Februar direkt en Audit ordonéiert, wou „mir alles gekuckt hunn wat mer kënne kucken“. De Constate vun deem Audit wier och Rechnung gedroe ginn, andeems am aktuelle Kontrakt mat SDK Verbesserungen ënnerholl gi wieren, andeems elo „virausschauend“ géing gekuckt ginn fir d’Zesummespill tëscht de verschiddenen Acteuren ze verbesseren an andeems de richtege Kader fir déi nächst Ausschreiwungen kéint op d’Been gesat ginn.
Well nom éischten Audit eng Rei Onkloerheete nach ëmmer bestinn, huet d’Oppositioun gefrot, datt d’Aktioun Super Dreckskëscht méi déif beliicht gëtt. D’Ëmweltministesch huet opgrond vun där Demande juristesch préiwe gelooss, wat ee weider nach kéint kucken, mä si huet sech hei op der Antenn skeptesch gewisen, well am éischten Audit wiere keng „non-conformités“ festgestallt ginn.
D’Fro ob dës Affär, sou wéi d’Traversini-Affär oder d’Affär ëm den Ieselstall bei Moulin Dieschbourg hir géing schueden, och wa si sech juristesch gesinn näischt virzegeheien huet, huet d’Carole Dieschbourg mat „jo“ geäntwert. Mä als Politiker misst ee fokusséiert bleiwen „op déi grouss Aufgaben, déi mer hunn“.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.