Den Direkter vun der Police Grand-Ducale war de Mëttwoch de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Den Direkter vun der Police, de Philippe Schrantz, ass de Mëttwoch de Moien hei op RTL der Policegewerkschaft entgéintkomm. Nodeems e Polizist am August e Mann zu Ettelbréck erschoss huet, hat d'SNPGL kritiséiert, datt d'Beamten no esou engem Incident net automatesch juristesche Bäistand kréien. De Philippe Schrantz sot, et kéint ee vläicht "d'office" en Affekot stellen a wa sech erausstellt, datt de Polizist e Feeler gemaach hätt, da kéint de Staat e Recours maachen, fir d'Suen zeréckzekréien. Am Moment ass et ëmgedréint. D'Kritik, datt d'Policedirektioun sech nom Incident net beim Beamte gemellt hätt, huet de Philippe Schrantz par Konter nuancéiert: d'regional Dirketioun hätt dat gemaach. Dat hätt de Virdeel, datt déi regional Direktioun "vill méi no un deem Mann drun ass".

Op d'Fro, ob bei Fäll, wou e Polizist muss e Schuedenersatz bezuelen, et net éischter um Staat wier, fir dat z'iwwerhuelen, well soss Poliziste riskéieren, bei kriddelege Situatioune léiwer d'Aen zouzemaachen, huet den Direkter vun der Police geäntwert: "wann ee Polizist ass, da weess een, datt een an esou Situatioune ka kommen (...) a mir mussen eis Leit preparéieren op esou Situatiounen." Mat der Generalinspektioun vun der Police géing eng "neutral" Stell d'Police kontrolléieren an doduercher géing d'Kredibilitéit vun der Police gestäerkt ginn.

Bei der Police hunn honnerte Beamten e Recours virum Verwaltungsgeriicht agereecht, well si trotz Première net an d'Carrière B komm sinn, am Géigesaz zu Beamten ouni Première, déi 2018 scho 15 Joer oder méi am Déngscht waren. De Policedirekter huet déi Situatioun "bedauerlech" fonnt an hie sot, hie kéint all déi Beamte verstoen, déi onzefridde sinn. De Philippe Schrantz huet awer och erkläert, datt d'Police och Zivilisten a Spezialiste bräicht an et wier schued, datt jidderee sech ëmmer mat jidderengem géing vergläichen: "Mir hunn alleguer awer eng gutt Aarbecht an och eng anstänneg Pai".

Wat d'Kriminalitéit ugeet, do kéint een zu Lëtzebuerg "gutt liewen", mee d'Tendenz wier aktuell generell schlecht, sou de Policedirekter. Der Police an de Leit géinge verschidde Phenomener ewéi brutal Iwwerfäll, bei deene Ketten oder Auere geklaut ginn, Suerge maachen. Vun dohier ass de Philippe Schrantz frou iwwert all Hëllef, déi d'Police kritt, wéi zum Beispill Bodycams an natierlech méi Leit.

Invité vun der Redaktioun: Philippe Schrantz

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.