Den ADR-Deputéierte war de Mëttwoch de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Et gëtt och gutt Punkten an der Verfassungsrevisioun ginn, wéi zum Beispill de Statut vun der Lëtzebuerger Sprooch a vun den Déieren oder d'Initiativ-Recht fir d'Parlament fir eng Enquêtëkommissioun kënnen anzesetzen, mee allgemeng wier säi Bilan negativ.

D'ADR fuerdert dowéinst weiderhin e Referendum iwwert d'Verfassungsännerungen. Dat net ze maachen, wier de Broch vun engem Walverspriechen an dat géing och der Credibilitéit vun der Politik schueden.

Direkt nom Vott e Mëttwoch de Mëtteg wëll de Fernand Kartheiser och e Bréif areechen, fir d'Deputéiert opzeruffen, e Referendum ze froen. Wa sech d'ADR, déi Lénk an d‘Piraten zesummendoen, wären et just 8 Deputéiert, déi e Referendum froen, et bräicht der awer 16 oder alternativ 25.000 Ënnerschrëften aus der Populatioun, sou den Invité. Och bei de Leit géing een e Wëlle spieren, fir e Referendum ze lancéieren. Dass am Fall vun engem negative Referendum, d'Verfassung och no iwwer 15 Joer nees net geännert géing ginn, fënnt den Deputéierten net schlëmm. Et soll ee wéi an der Vergaangenheet einfach op punktuell Reforme setzen.

De Reproche, datt d'ADR an deem Dossier hei Polemik géif maachen, léisst de Fernand Kartheiser net gëllen. D'Vollek wier de Souverain.  Et wier och eng Zort „politesch Arroganz“ ze behaapten, wéi d'Regierung et mécht, dass d'Leit den enorme juristeschen Exercice net géinge verstoen an dofir kee Referendum kéint organiséiert ginn. Et wier een net d'Cheffe vum Vollek, mee Mandatairen. Et wier ee gewielt, si ze vertrieden, sou de Fernand Kartheiser.

CovidCheck an de Betriber: d'Leit gi „fräiwëlleg gezwongen“

Fir d'ADR ass de CovidCheck an de Betriber de falsche Wee. Domadder géing d‘Regierung den Drock op d'Leit erhéijen an d'Gesellschaft splécken. Et wier kontradiktoresch ze soen, dass d'Impfunge fräiwëlleg sinn an d'Leit anerersäits awer „fräiwëlleg gezwongen“ géife ginn, finanziell an iwwer aarbechtsrechtlech Mesuren. Dofir fuerdert d'ADR Éierlechkeet vun der Regierung entweder eng Impfflicht oder wierklech Fräiwëllegkeet.

De Fernand Kartheiser ass geimpft a seet vu sech selwer, dass hie keen Impfskeptiker ass, mee dass hien awer och ugangs Zweiwel um Vaccin hat. Duerno hätt ee sech iwwerzeege gelooss a géing och hoffen, dass vill Leit sech géingen impfe loossen, mee et misst ee Choix vun all Mënsch bleiwen.

Invité vun der Redaktioun: Fernand Kartheiser

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.