De Co-Coordinateur vun der Initiative pour un devoir de vigilance war um Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Et gi keng genee Chifferen, ma ze wéineg Entreprise respektéieren d‘Mënscherechter an hire Liwwerketten, Haaptsaach de Präis an d‘Qualitéit vun hirem Produit stëmmt, dat sot de Jean-Louis Zeien. De Co-Coordinateur vun der „Initiative pour un devoir de vigilance“ war eisen Invité vun der Redaktioun.

Kanneraarbecht, massiv Ëmweltzerstéierungen, wou d‘Populatioun, déi sech dogéint wiert, ënnerdréckt gëtt, Land-Grabbing an d‘Verletzung vun de Rechter vun mannerjärege Meedercher, si just e puer Beispiller vu Violatioune géint d‘Mënscherechter an déi och Entreprisë  mat Sëtz zu Lëtzebuerg involvéiert sinn. Et dierft een awer net naiv sinn, och hei am Land géingen et Mënscherechtsverletzunge ginn, déi och schonn an der Press opgegraff goufen, sou de Jean-Louis Zeien.

Zanter 2018 fuerdert „Initiative pour un devoir de vigilance“ dofir e Liwwerkettengesetz, ma d‘Regierung stéing nach ëmmer mat eidelen Hänn do. Et bräicht e nationaalt Gesetz, mat deem séchergestallt gëtt, dass d‘Entreprisen een Aen drop hunn a sech e System ginn, fir ze kontrolléieren, dass keng Mënscherechtsverletzunge bei hinnen an de Liwwerkette geschéien.

Däitschland a Frankräich hu schonn entspriechend Gesetzer an an Holland an an der Belsch solle och geschwë Liwwerkettengesetzer a Kraaft trieden. Hei am Land huet d‘Uni Lëtzebuerg och schonn eng Etüd gemaach, déi constatéiert huet, dass een entspriechend Gesetz realisabel a raisonnabel ass. E Comité interministeriel géing dru schaffen, mä bis ewell wier nach näischt dobäi erauskomm, sou de Jean-Louis Zeien. Widderstand géing et ënner anerem vun der Fedil ginn, d‘Industriellefederatioun wëll op een europäescht Gesetz waarden. Alles anescht géing fir eng Fragmentéierung vum EU-Bannemaart suergen. Dat géing esou net stëmmen, äntwert dorop den Invité. D‘Fedil hätt sech zu Bréissel géint een europäescht an géint een nationaalt Gesetz ausgeschwat. Si wéilte fräiwëlleg Mesuren. Dat wier een No-Go fir „d‘Initiative pour un devoir de vigilance“, sou de Jean-Louis Zeien. Et misst endlech Neel mat Käpp gemaach ginn. Et bräicht ee gesetzlech verbindlech Liwwerkettengesetz, sou eisen Invité.

Invité vun der Redaktioun: Jean-Louis Zeien

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.