Keng 2G-Reegele fir sozial Strukturen
E Freideg de Moie war d’Direktesch vun der ASBL "Stëmm vun der Strooss" eis Invitée vun der Redaktioun.
Bei der Stëmm vun der Strooss wéisst een net, ob den 2G, dee bei den neie Covid-Mesurë virgesinn ass, fir hir Strukture gëlle wäert, sou d’Direktesch vun der ASBL Alexandra Oxacelay um Freideg de Moien hei op RTL. Op Nofro hi verséchert de President vun der Chamber Santéskommissioun, Mars Di Bartolomeo, datt de Leit ouni Daach iwwert dem Kapp Rechnung gedroe gouf. Am Gesetz steet kloer, datt den 2G, also de Certificat, datt ee geimpft oder erëm gesond ass, a Schoulkantinnen an a soziale Restauranten net gefrot gëtt. Am selwechten Otemzuch seet den LSAP-Deputéierten, datt dat net géing heeschen, datt déi aner Virsiichtsreegelen net sollen agehale ginn. Donieft misst ee weider Efforte maachen, fir de Leit op der Strooss d’Impfung opzemaachen.
D’Alexandra Oxacelay sot um Freideg de Moien iwwerdeems, si wéisst net, wéi vill Sans-abrise geimpft sinn. Dat wier och net d'Prioritéit vun deene Leit, sou d’Direktesch vun der "Stëmm". Prioritéit wier Iessen oder Duschen an dobäi kéim deels och d'Astellung: "Firwat soll ech mech impfe loossen, fir déi aner ze schützen? No mir kuckt jo och keen".
Generell bräichten d'Sans-abrise méi Strukturen, fir ënnerzekommen an net nëmmen am Wanter, sou d'Alexandra Oxacelay weider. Si hofft, datt d'Wanteraktioun verlängert gëtt, respektiv dat ganzt Joer funktionéiert. Si huet tëscht den Zeile bedauert, datt d'Politik dat net wéilt, aus Angscht viru "sozialem Tourismus", mat deem si net rechent. Méi Strukture fir Leit ouni Daach iwwert dem Kapp wier och an hiren Aen besser ewéi repressiv Mesuren, wéi de "Platzverweis" an den Entréeë vun de Gebaier, sou wéi d'Regierung et elo proposéiert. D'Alexandra Oxacelay kann d'Bedenke vun de Leit am Stater Garer Quartier novollzéien, mä si ass och fest iwwerzeegt, datt eng Ënnerstëtzung fir déi Leit méi hëlleft a si freet dowéinst och méi Verantwortung vun anere Gemengen. Leit, déi an d'Stad oder op Esch ginn, well se keen Daach iwwert dem Kapp hunn, kéimen nämlech och aus anere Gemengen.
D'Alexandra Oxacelay huet och Versteesdemech fir den Asaz vu private Sécherheetsfirmen - de Stater Schäfferot huet jo bis rezent dorobber zeréckgegraff. D'Stëmm vun der Strooss huet selwer eng Ekipp agestallt, well hir Mataarbechter ëmmer méi eng Policeaarbecht hätt misse maachen. Sinn d'Leit tatsächlech ëmmer méi aggressiv? D'Direktesch vun der Stëmm huet mat enger Fro geäntwert: "Jo, mä gëtt d'Gesellschaft net allgemeng méi aggressiv?" Dat wier de Fall an der Schoul, mä och op der Strooss, wou een effektiv ëmmer méi organiséiert Kriminalitéit kéint feststellen. "Do wou Aarmut ass, do ass automatesch Kriminalitéit", sou d'Alexandra Oxacelay. Eng Äntwert op déi Entwécklung hätt ewell kee fonnt.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.