E Méindeg de Moie war den Direkter vun der Fedil eisen Invité vun der Redaktioun.

Dausenden nei Covid-Infektiounen, dat bedeit, datt och Dausende Leit mussen isoléiert ginn.

"Et kann dozou féieren, dass zu engem gewëssenen Ament zegdausend Leit beieneen net méi kënne schaffe goen", esou den Direkter vun der Fedil, de René Winkin um Méindeg de Moien op RTL Radio Lëtzebuerg. Dem Vertrieder vun der Industrie no kënnt och hei am Land eng Diskussioun iwwert eng Reduktioun vun der Isolatiounszäit, déi aktuell bei 10 Deeg läit. De Premier Xavier Bettel huet dat am Interview mat RTL Tëlee de Samschdeg jo och duerchblécke gelooss.

D’Fedil wéilt natierlech op kee Fall, dass ustiechend Leit misste schaffe goen, mä et misst een iwwert Upassunge kënne schwätzen, déi medezinesch vertrietbar wieren. Dat Ganzt wier e Balance-Akt, wou politesch Decisiounen am Endeffekt gefuerdert wieren, sou de René Winkin.

Inflatioun: nach net ganz beim Endkonsument ukomm

De Covid oder éischter d'staark Reprise vun der Ekonomie an déi héich Demande, dat sinn dann och en Deel vun den Ursaache fir déi aktuell héich Inflatioun. D'Präisdeierecht wäert dem Statec no dëst Joer bei 3,5% leien, also däitlech iwwert 2% sou wéi d'europäesch Zentralbank et viséiert. Donieft gëtt et awer och hausgemaachten Ursaachen. Den Direkter vun der Fedil huet als Beispiller d'kënschtlech Stäerkung vun der Demande duerch d'Geldpolitik vun der Zentralbank genannt, mee awer och d'héich ëffentlech Investissementer oder nach eng Klimapolitik, déi an Europa méi ambitiéis ass ewéi op anere Plazen. "Ech géing do net plädéieren, datt ee muss ophale mat der Klimapolitik, sécher net", sou de René Winkin, "am Géigendeel". Well wann ee scho méi erneierbar Energie hätt, da wier een haut manner ofhängeg vun Importer ewéi zum Beispill dem Gas. Haut misst ee sech senger Meenung no d'Fro stellen, ob een ze séieren Austrëtt aus der Atomenergie net méi Problemer géing schafen ewéi der ze léisen. Europa hätt d'Schëff iwwerluede mat ze vill Restriktiounen. "Mir hunn esou vill Rasteren, wann der se openee leet, dat, wat dann nach bleift, ass net genuch fir dat, wat mer eis awer wëlle leeschte kënnen", sou de René Winkin. De Konsument kréich dann en plus nach suggeréiert, e kréich nach alles bëlleg an hannendru wier d'Produktioun awer gehemmt.

De René Winkin rechent iwweregens domadder, datt e groussen Deel vun der Präisdeierecht nach net beim Endkonsument ukomm ass. Bei engem Betrib, deen hie kennt, géingen d'Energiepräisser eleng d'Hallschent vum Ëmsaz ausmaachen an dat géing net just zu Pertë féieren, mee carrement zu Tresorie-Problemer. Dat well de Betrib seng Präisser net onbedéngt entspriechend an d'Luucht kéint setzen, well d'Clientë soss riskéieren, bei e Konkurrent ze goen oder de Betrib géing riskéieren, seng Clientë futti ze maachen. Dofir géing et dem Direkter vun der Fedil nach e "Retardement" ginn, bis d'Inflatioun beim Endkonsument ukënnt. Dat géing sécher nach geschéien, well d'Margë wieren an der Industrie net esou grouss, datt dat einfach kéint opgesaugt ginn.

Invité vun der Redaktioun: René Winkin

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.