E Mëttwoch de Moie war den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt eisen Invité vun der Redaktioun.

Joerhonnert-Iwwerschwemmungen ewéi déi am Juli wäert et an Zukunft wéinst dem Klimawandel éischter all 30 Joer ginn. Domadder rechent ob jidder Fall den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt. De Jean-Paul Lickes, sot e Mëttwoch de Moien hei op RTL, et wier kee schéint Zukunftsbild. Well d'extrem Wiederphenomener allen Zenarien no méi extrem a méi heefeg ginn a gläichzäiteg d'Populatioun wiisst, misst ee sech adaptéieren.

Den Ëmweltministère huet dowéinst e Klima-Adaptatiounsplang virgesinn, sou de Jean-Paul Lickes. Hien huet och ugekënnegt, datt donieft zwee weider Pläng - no enger ëffentlecher Consultatioun - an den nächste Wochen an hiren iwwerschaffte Forme virgestallt ginn: de Bewirtschaftungsplang an den Héichwaasser-Risiko-Managementplang.

D'Héichwaasser-Kaarte sinn och iwwerschafft ginn an alles dat huet en Afloss ënnert anerem op dat, wat wéi däerf gebaut ginn: "do gi mir och als Verwaltung dee Moment eng Autorisatioun, an déi Autorisatioun ass dann esou gestréckt, datt se op der enger Säit Mënsche schützt, awer och soll Gidder schützen".

D'Waasserwirtschaftsamt huet och schonn 2018 e Guide erausginn, fir ze wëssen, wéi een "héichwaassergerecht" soll bauen. Fir nei Bebauungspläng (PAP) géing gekuckt ginn, datt d'Flächeversigelung esou kleng gehale gëtt ewéi méiglech. De Jean-Paul Lickes huet erkläert, et géing probéiert ginn, datt d'Reewaasser deen Terrain guer net verléisst, zum Beispill duerch gréng Diech oder Rasegittersteng. A wann een net alles versickert kréich, da misst ee Retentiounsbecke virgesinn, fir datt d'Waasser net "Ratsch an der Baach ass", sou de Jean-Paul Lickes. Well da riskéiert eng drëtt Persoun, déi virdrun ni e Problem mat Iwwerschwemmungen hat, dee Problem op eemol ze hunn.

Adaptéiert Baue kënnt net zum Nulltariff an am Bausecteur ass een dacks gehäit, well Pläng mussen nei gezeechent ginn. Den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt huet zouginn: "Jo mir sinn do, wéi seet een esou schéin: wier een tëscht 'le marteau et l'enclume'. Hien huet allerdéngs drop higewisen, datt keen zefridde wier, wann op eemol no 10 Joer alles futti ass an drun erënnert, datt d'Iwwerschwemmunge vum Juli déi deierst Katastroph war, déi d'Assurancëgesellschaften jee hu misse rembourséieren.

Do, wou scho gebaut gouf an de Risiken net Rechnung gedroe gouf, do kéinten zum Beispill Renaturéirunge vun de Flëss hëllefen. Allerdéngs huet de Jean-Paul Lickes ze bedenke ginn, datt Renaturéierunge schwiereg sinn, well een dofir den Terrain bräicht. Allerdéngs wier d'Propriétéitsrecht hei am Land ganz staark, sou de Jean-Paul Lickes. D'Verwaltung hätt e puer Projeten am Tirang, déi wéinst engem oder puer Proprietären net kéinten duerchgezu ginn.

Zum Adaptéieren un d'Iwwerschwemmunge gehéiert d'Informéiere vun de Leit. Den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt sot, dat wier och eng vun de Missioune vu senger Verwaltung. Op hirem Internetsite www.waasser.lu wiere e ganze Koup Dokumenter an Informatiounen an et stéing een de Leit fir all Fro Ried an Äntwert. Mä "en éischte Schrëtt kann awer... oder misst vläicht och vun de Leit kommen, fir sech z'informéieren", sou de Jean-Paul Lickes.

De Jean-Paul Lickes huet dann och op Verbesserungen um Internetsite www.inondations.lu higewisen a fir 2022 eng App annoncéiert. Den Inneministère ass sengersäits amgaangen, en neien direkte Warnsystem auszeschaffen, deen och Enn vum Joer soll fäerdeg sinn.

Invité vun der Redaktioun: Jean-Paul Lickes

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.