Ferm Kritik vun der Ethikkommissioun: "Et gouf keen Debat iwwer d'Impfflicht"
E Méindeg de Moie war d'Presidentin vun der nationaler Ethikkommissioun eis Invitée vun der Redaktioun.
Eng Impfflicht am Gesondheets- a Fleegesecteur a fir Leit iwwer 50 Joer: op dee Wee wëll Lëtzebuerg goen. Ma, am Virfeld hätt et keen Debat ginn. D'Mesurë goufen einfach sou presentéiert. Dat kritiséiert d'Presidentin vun der nationaler Ethikkommissioun, d'Julie-Suzanne Bausch. Si war e Méindeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.
Et hätt net vill Sënn enger Onmass vun Institutiounen a Vertriedunge vun der Zivilgesellschaft e risege Froekatalog ze schécken, wann déi iwwerhaapt mol net géinge gekuckt ginn.
A manner wéi enger Woch hätt d'Ethikkommissioun hiren Avis gemaach, ënnersträicht d'Presidentin. Mä d'Aarbecht wier jo ëmsoss gewiescht. Et wier een a gudder Gesellschaft, well kee gehéiert gi wär. Mä doduerch wier vill Know-How verluere gaangen. Vill gréisser Strukture konnten iwwerhaapt net an der kuerzer Zäit op de Froekatalog äntweren, bedauert d‘Invitée.
„Mir si jo net nëmmen e Philosophe-Club“
Manifestement géing d'Regierung engem medezineschen Experten-Grupp méi Gewiicht gi wéi de Geeschteswëssenschafte Philosophie, Ethik an Droit. An dobäi wier d'Ethikkommissioun a senger Opstellung eng ganz equilibréiert Representatioun vun der Zivilgesellschaft mat ënner anerem zwee spezialiséierte Dokteren, engem Psycholog, engem Pedagog, engem Riichter, engem Affekot, engem Ekonomist, engem Mathematiker, engem Chercheur an engem Kommunikatiounsexpert. Et wier een also net nëmmen ee Philosophe-Club, dee schéi Gedanken an d‘Wolleke schreift, erkläert d‘Julie-Suzanne Bausch, déi selwer een Doktorat an der Philosophie gemaach huet an am Enseignement schafft.
D'Kompositioun vum Ethikrot fannt Dir hei.
Fir eng generell Impfflicht - ouni Altersausgrenzung
Den Ethikrot huet sech schonn am Dezember fir eng generell Impfflicht ausgeschwat an dat géing och mat sech bréngen, dass ee géint eng sektoriell Impfflicht am Gesondheetssecteur wier a fir Leit iwwer 50 Joer. D‘Kommissioun géing all Ausgrenzungen a Grenzsetzunge kritesch beliichten. Et dierf een net tëscht Mënschen differenzéieren opgrond vun essentielle Parameteren, wéi zum Beispill den Alter, un deenen d'Leit jo näischt ännere kéinten. Wann ee freet, firwat dann elo eng Impfflicht fir Leit iwwer 50 Joer soll agefouert ginn, da wär d'Äntwert, well se méi vulnerabel wieren. Ma da misst dat als Critère gëllen an net den Alter. An da misst een all déi Vulnerabel schützen an dat wieren net nëmme Leit iwwer 50 Joer.
Och datt just de Santés- an de Fleegesecteur vun der Impfflicht viséiert sinn, géif zu Ausgrenzung a weider Spannunge féieren, erkläert d'Invitée. De Fokus hei am Land léich elo komplett op der Impfflicht an dobäi géing ee vergiessen, dass mer mëttlerweil bei iwwer 26 Covid-Gesetzer wieren. D‘Leit wieren derbäi sech un Saachen ze winnen, déi vun engem ethesche Standpunkt hir erschreckend wieren, wéi zum Beispill permanent e Mask ze droen, sou d'Julie-Suzanne Bausch vun der nationaler Ethikkommissioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.