E Mëttwoch de Moie war de Vizepresident vum Wirtschaft- a Sozialrot eisen Invité vun der Redaktioun.

D'Inflatioun, d'Präisdeierecht féiert jo zu enger "kaler Progressioun". Dat heescht, et lant ee mat sengem Gehalt an engem anere Barème a bezilt doduerch méi Steieren. Aktuell lafe politesch Gespréicher iwwer eng Upassung vun de Steiertabellen un d'Inflatioun. Eng Upassung "muss kommen", esou de Jean-Jacques Rommes e Mëttwoch de Moien hei op RTL. De Vizepresident vum Wirtschafts- a Sozialrot, e Gremium, an deem Staat, Patronat a Gewerkschafte sëtzen, sot awer, esou eng Upassung misst op jidder Fall Deel vun enger globaler Visioun sinn. D'Patronat an d'Regierung warnen nämlech, datt eng Upassung un d'Inflatioun haaptsächlech déi grouss Verdénger entlaaschte géing an de Staat vill Sue kéint kaschten. Op d'Remark, datt dat nëmmen de Fall ass, wann ee keng nei Barèmen uewen an der Tabell aféiert, huet de Jean-Jacques Rommes mat "jo" geäntwert a gesot, et misst een eng Upassung an engem "Gesamtequiliber" kucken. Eng Upassung misst wéi gesot kloer kommen, well een Inflatioun steierlech gesinn net einfach kéint ignoréieren, mee d'Fro wier, wéi een d'Steieren upasst.

Jidderee wëll méi entlaascht ginn

No der grousser Steierreform vun 2017 hunn déi kleng Verdénger, notamment elengerzéiend Stéit manner Steiere misse bezuelen an déi grouss Verdénger méi, esou de Jean-Jacques Rommes. De Vizepresident vum Wirtschafts- a Sozialrot huet Erklärungen iwwert en neie Rapport vum CES iwwert d'Steiere ginn. Op d'Fro, ob d'Entlaaschtunge vun 2017 duergaange sinn, huet hie geäntwert: "Natierlech ginn et ëmmer Revendicatiounen, fir méi entlaascht ze ginn, déi ginn et vun alle Steierzueler, dat ass klassesch".

Ouni Finanzplaz kann een zu Lëtzebuerg net méi liewen ewéi elo

Steieren op d'Salaire bréngen dem Staat weiderhin am meeschte Suen eran. Ëmmer méi souguer, well ëmmer méi Leit hei schaffen. Wéi iwwerall wier et steierlech méi agreabel, vill Besëtz ze hunn ewéi vill ze schaffen, huet de Jean-Jacques Rommes confirméiert. Mee schaffe soll jo zu méi Besëtz féieren. Datt Dividenden, déi an engem Montant vu ronn 750 Milliarden Euro iwwer Lëtzebuerg duerchlafen, net besteiert ginn, wier "de ganz normalen internationale Standard", sou de fréiere Vertrieder vun de Banken. Datt dee Montant esou héich ass, dat wier well Lëtzebuerg eben eng grouss Finanzplaz huet. Misst een net méi onofhängeg ginn dovunner? De Jean-Jacques Rommes huet geäntwert: "Eng Diversifikatioun vun der Ekonomie ass ëmmer eng gutt Iddi". Am selwechten Otemzuch huet hien awer drun erënnert, datt een ouni d'Finanzplaz net méi kéint esou liewen ewéi elo.

Tanktourismus: Hypokrisie

A Propos Nohaltegkeet: De Wirtschafts- a Sozialrot werft der Politik an der Debatt iwwert den Tanktourismus Hypokrisie vir, well, ob d'Camionen hei tanken oder anzwousch anescht, wier "völleg egal". A sengen Ae géing eng Hausse vum Präis vum Diesel iwwert de Präis am Ausland zwar dozou féieren, datt een d'Klimaziler erreecht. Fir de Klima hätt een awer näischt gemaach a gläichzäiteg hätt ee manner Suen an der Kees. D'Fro vum CES un d'Politik ass, sou de Jean-Jacques Rommes, "wou soll d'Rees higoen?"

Invité vum Dag: Jean-Jacques Rommes

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.