CLC: Fir oder géint den Index, d'Diskussioun bréngt guer näischt
E Méindeg de Moie war den Direkter vun der Handelskonfederatioun eisen Invité vun der Redaktioun.
Am Zesummenhang mat der Inflatioun fuerdert d'Handelskonfederatioun CLC éischter Steierreduktiounen ewéi fundamental Ännerungen um Index. Den Direkter vun der CLC, den Tom Baumert, sot de Méindeg de Moien hei op RTL zwar, datt 2 oder 3 Indextranchë bannent 12 Méint "e ganz haart Stéck" fir d'Betriber hei am Land wieren, besonnesch fir déi, déi international aktiv sinn. Mat Diskussiounen iwwert en nohaltege Wuerekuerf (*) oder iwwert e gedeckelten Index (**) géing ee sech a sengen Ae "verhedderen".
(*de Wuerekuerf determinéiert, wéini definéiert Produiten eng indexéiert Upassung vun de Gehälter ausléisen, nvdr)
(**amplaz automatesch Upassunge vun 2,5% fir all d'Gehälter ginn et Iwwerleeungen, fir d'Upassungen op verschidden Aart a Weisen ze limitéieren, nvdr)
Vun der Tripartite, déi d'Regierung nach fir dëse Mount aberuff huet, erwaart sech den Tom Baumert awer kloer, datt iwwert eng Modulatioun ewéi 2012 diskutéiert wäert ginn, bei där den Index op eng Tranche maximal bannent 12 Méint limitéiert gi war. Dem CLC-Direkter no kéint virun allem eng Reduktioun vun den Taxen um Sprit wuel de Betriber kuerzfristeg hëllefen, e bësse vun hirer Rentabilitéit zeréckzekréien. Den Tom Baumert huet och d'Optioun vu garantéierte Prêten erwäänt fir déi Betriber, deenen et wéinst den deiere Spritpräisser u Cash feelt.
Wat kënnen d'Betriber maachen, fir sech selwer ze hëllefen? D'Präisser no uewen unzepasse wier net esou einfach ewéi ee kéint mengen. Zwar wier dat kontraktuell deelweis virgesinn an awer géing et 6 bis 8 Woche Waardezäit ginn, bis een d'Dieselpräisser kéint un de Client weiderginn. Am Beräich vun de Servicer géing et souguer Kontrakter gi vu 6 bis 12 Méint. Duerch Gespréicher mat de Clienten erwaart sech den Tom Baumert Versteesdemech vum Client. Alternative fannen oder ëmstellen, fir méi kompetitiv ze sinn, dat wier kuerzfristeg net méiglech: eng Transportfirma hätt zum Beispill aktuell keen anere Choix ewéi Diesel.
Den Tom Baumert huet de Méindeg de Moien erkläert, datt d'Inflatioun genee ewéi d'Corona-Pandemie all d'Entreprisen e bëssen anescht betrëfft. Bei der Corona-Kris waren zum Beispill den Evenementiel an d'Reesagencë schwéier betraff. Bei der Hausse vun den Energiepräisser, do wier elo zum Beispill den Transportsecteur staark impaktéiert. Den Direkter vun der CLC hofft vun dohier wéi gesot op e Pak kuerzfristeg, cibléiert Mesuren.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.