Index bleift Haaptknackpunkt
D'Gewerkschafte refuséieren d'Patronat-Propos vu järlecher Primm als Ersatz zum Index-System.
D'Analys ass déi selwecht, mä d'Konklusiounen anerer, dat sot e Mëttwoch de Moien den LCGB-President Patrick Dury no der virleefeger Tripartitesronn en Dënschdeg. Gewerkschaften a Patronat wiere sech am Sennenger Schlass gréisstendeels driwwer eens gewiescht, datt déi aktuell Präisdeierecht an d'Käschtenexplosiounen notamment bei den Energiepräisser souwuel d'Betriber wéi och d'Salariéen trëfft. Ee Knackpunkt ass a bleift den Index. D'Patronat wéilt den aktuellen Index-Mechanismus duerch eng Prime unique ersetzen, huet eisen Invité vun der Redaktioun kritiséiert. Dat kéim fir d'Gewerkschaften net a Fro. Den Index wier d'Basis vum soziale Fridden hei am Land an déi eenzeg Garantie fir Salariéen aus dem Privatsecteur, fir hir Kafkraaft ze erhalen. D'Primm, déi proposéiert gouf, géif och net deem entspriechen, wat d'Leit bis elo iwwer den Indexsystem géife kréien. Den Index wier net fir selektiv oder fir Sozialpolitik ze maachen. Dat misst een iwwer Steiere maachen.
Tripartite steet a fält mam Index
Ob um Mëttwoch en Accord tëscht de Sozialpartner zustane kënnt, dat kéint hien um Mëttwochmoien net soen, sot eisen Invité no der éischter Verhandlungsronn. Hie kéint sech allerdéngs net virstellen, datt iergendeng Gewerkschaft de Mesurëpak unhëlt, wann déi proposéiert Primm vum Patronat mat dran ass. D'Gewerkschaften hätten an der Finanzkris an an der Covid-Kris ëmmer alles matgedroen, datt d'Betriber dat kréien, wat se brauchen. Hei géif et elo awer och ëm Hëllefe fir d'Privatleit goen, ëm hir Kafkraaft an de soziale Fridden.
Regierung muss Faarf bekennen
Konkret huet den LCGB an der Tripartite verschidde Mesurë proposéiert, fir d'Kafkraaft vun de Leit ze verbesseren. D'Accisen an d'TVA um Sprit sollte limitéiert ginn, d'Deplacementsfraisen erhéicht, d'Steierkreditter eropgesat an un d'Inflatioun ugepasst ginn an d'Loyeren, wéi an der Covid-Kris schonn, agefruer ginn. D'Gewerkschafte géifen alles ënnerstëtzen, wat akommesschwaache Stéit entgéintkënnt. Mä vun der aktueller Kris wier all Mënsch getraff. Un der Regierung wier et elo, fir Faarf ze bekennen. Virop wéi se zum Index steet.
D'Regierung wier och gefuerdert, de Betriber, déi Problemer hunn, cibléiert ze hëllefen an op europäeschem Niveau no Léisungen ze sichen. U sech misst de ganzen europäesche Geschäftsmodell a Fro gestallt ginn an duerfir gesuergt ginn, datt Europa nees autonom, autark gëtt, sou de Patrick Dury de Mëttwoch de Moien. Och d'Fro vun der Energieversuergung misst europäesch gekuckt ginn. Déi aktuell Situatioun weist, dem LCGB-President no, och, wéi wichteg et wier, fir d'Energietransitioun ze begleeden. Anerwäerts géife just nach déi an den Auto klammen, déi et sech leeschte kënnen.
One-shot-Tripartite kann et guer net ginn
Déi aktuell Situatioun huet eng grouss sozial Sprengkraaft. D'Logementskris bleift ongeléist, vill Leit knaen nach un den Nowéie vun der Pandemie. Eng "One-shot-Tripartite" kéint et an deem Kontext guer net ginn, betount de Patrick Dury. Vill méi wier e Suivi vu Reuniounen néideg, fir déi aktuell Problemer een nom aneren opzeschaffen. D'Tripartite géif dat Kriseninstrument par excellence bleiwen.
E Mëttwoch geet d'Tripartite tëscht Regierung, Patronat a Gewerkschaften an den zweeten Dag.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.