E Mëttwoch de Moien war de Verdeedegungsminister eisen Invité vun der Redaktioun.

Lëtzebuerg huet scho militärescht Material a finanziell Hëllef am Wäert vu ronn 50 Milliounen Euro geschéckt a wäert der Ukrain och weider hëllefen. Dat nom nämmlechte Prinzip, wéi déi lescht Wochen.

Ënnerscheed ass, datt déi Hëllef elo nach méi koordinéiert gëtt, wéi en Dënschdeg op der Ukrain-Konferenz zu Ramstein festgehale gouf. Dat huet den Arméisminister e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview confirméiert.

De Grand-Duché wäert awer keng weider Zaldoten an Ost-Europa schécken. Et bleift deemno bei 6 Membere vum Militär a Litauen. Wat Fräiwëlleger aus Lëtzebuerg ugeet, déi an d'Ukrain kämpfe ginn, dovunner wéisst de Minister näischt. Hien huet och virdru gewarnt, dat ze maachen.

En anere Sujet sinn d'Hëllefe wéinst den héijen Energiepräisser. Do wier et wichteg, datt een d'Energietransitioun méi séier virun dreift.

De grénge Politiker begréisst an deem Kontext, datt de Steierkredit um Sprit just bis Enn Juli gëllt. Hien ass bei senger Ausso bliwwen, datt den Tankrabatt vu 7,5 Cent de Liter sënnlos wier, well se net onbedéngt bei deene Leit ukënnt, déi et wierklech brauchen. An der Tripartite hätt d’Regierung eben awer missen e Kompromëss fannen an d'Fuerderung fir d'Taxen um Sprit wier vu Gewerkschaftssäit komm, sou de Minister.

Wann den Tankrabatt Enn Juli ofleeft, missten dem François Bausch no méi cibléiert Mesurë kommen: "Mir sinn der Meenung souwisou, datt déi ganz Energietransitioun extrem gutt sozial muss begleet ginn". Déi Gréng kéinte sech virstellen, "iwwert de Steierkredit nach Saachen ze maachen" oder zum Beispill een "eemolegen Energiebong auszestellen."

Eng vun den Ursaache fir déi héich Inflatioun ass jo de Krich an der Ukrain. De François Bausch sot als Verdeedegungsminister "dee Krich muss esou séier wéi méiglech en Enn kréien". Hie géing vill Hoffnung op d'Missioun vum UNO-Generalsekretär a Russland an an der Ukrain setzen, quitt datt d'Verhandlunge bis elo vu Moskau ausgenotzt gi wieren, fir Zäit ze gewannen. Dowéinst géing Lëtzebuerg d'Ukrain och weider ënnerstëtzen. Wéi genee wollt de Minister net soen, mä et géing "an déi selwecht Richtung virugoen" wéi bis elo. Lëtzebuerg huet bis ewell ënnert anerem Panzerofwierwaffen, Jeepen an Zelter geliwwert.

En Numm fir d'Successioun vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg wollt de François Bausch net confirméieren oder dementéieren. Op d'Optioune Stephanie Empain, Tilly Metz oder nach Djuna Bernard ugeschwat, sot de grénge Vizepremier et wier net parteiintern Arithmetik, déi am Virdergrond stéing. Am Virdergrond stéing d'Sich no enger Persoun, déi de Background an d'Engagement hätt, fir déi "wichteg Aarbecht, déi d'Carole Dieschbourg geleescht huet, kënne weiderzemaachen." De François Bausch selwer bleift bei senger Decisioun, fir net méi fir e weidere Regierungsmandat zur Verfügung ze stoen. En Deputéierten-Mandat géing hien awer unhuelen, wann en d'nächst Joer erëmgewielt gëtt.

27/04/2022 Invité vun der Redaktioun (François Bausch)

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.