Dat fuerdert den Ombudsman fir d'Rechter vu Kanner a Jugendlechen. Hie war e Mëttwoch eisen Invité vun der Redaktioun.

Ronn 2.500 Kanner liewen a 55 Flüchtlingsheemer uechter d'Land an dat deels ënnert ganz schlechte Konditiounen, sou steet et am Rapport vum Ombudsman fir d'Rechter vu Kanner a Jugendlecher. De Charel Schmit war e Mëttwoch de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Duerch de kontinuéierlechen Afflux vu Flüchtlingen huet ee misse provisoresch Léisungen a Kaf huelen, déi dunn zu Dauerzoustänn goufen. Dat wier am Prinzip kee Problem, wann  d'Leit just e puer Deeg do ënnerbruecht wieren, ma duerch de groussen Afflux missten d'Kanner an déi Jugendlech vill ze laang op esou Plaze bleiwen, kritiséiert den Ombudsman.
No-Go Struktur zu Miersch

Op engem fréiere Sitte vu Creos gouf eng Material- an Ateliershal als Wunnunitéit ëmfonctionéiert, déi absolut net dofir gëeegent wier. Kabaisercher mat Better, déi weder baussen, nach banne Fënsteren hunn; Dieren, déi ee mol net kéint zouspären. Et wier ee vir bäi an hanne widder an dëst wier eigentlech just e Provisorium, mä aus kannerrechtlecher Siicht géing dat iwwerhaapt net goen, sou de Charel Schmit. Hei wier absolutten Handlungsbedarf. Entweder et géing ee se zoumaachen oder et géing een d'Hal ëmwandelen.

Ombudsman fuerdert e Quotesystem

Et gëtt den Ament eng ongerecht Verdeelung vu Flüchtlingslogementer am Land an dofir fuerdert den Ombudsman laangfristeg eng Zort Quotesystem, wou all Gemeng hire gerechten Undeel opbréngt, fir soziale Wunnraum ze schafen. Déi aktuell Disproportionalitéit vun der Laascht, déi verschidde Gemengen droen, wier onhaltbar.

Eng weider Fuerderung vum Ombudsmann fir d'Rechter vu Kanner a Jugendlecher ass eng besser psychologesch Prise en charge vun de Kanner. D'Servicer géingen ausgebaut ginn, mä natierlech net an där Vitess wéi se missten. Grad bei Flüchtlingskanner misst vun Ufank un e Suivi garantéiert ginn. Aus kannerrechtlecher Siicht bräicht et eng gesetzlech Verännerung, dass d'Kanner och ouni Accord vun den Eltere bei ee Psycholog oder Psychiater kënne goen.

Reaktioun op Kritik um Jugendschutz- a Jugendstrofrecht

Ugeschwat op déi rezent Kritik vun de Justizautoritéiten un der Reform vum Jugendstrofrecht an dem Jugendschutzgesetz, sot de Charel Schmit, dass een dat komplett anescht géing gesinn. D'Generalaffekotin Simone Flammang sot, de Mindestalter vun 14 Joer wär onglécklech, well een déi Täter ënner 14 Joer (rezent Phenomener vu Gangs/Banden an de Schoulen) net méi richteg kéint bestrofen. Den Ombudsmann kontert, et hätt een 30 Joer laang géint d'Kannerrechtskonventioun verstouss, well ee kee Strofmündegkeetsalter hat. Deen hätt een elo bei 14 Joer ugesat, obwuel den Ombudsman den Alter léiwer bei 15 oder 16 ugesat hätt. Strofmündegkeetsalter géing heeschen, dass de Jonken den Ament räif genuch ass a kloer Virstellungen huet, fir nozevollzéien, wat déi Prozedur ass an dass hien zur Verantwortung gezu gëtt. Ënnert deem Alter misst een op Preventioun setzen, sou de Charel Schmit.

Invité vun der Redaktioun: Charel Schmit

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.