Fir d'Gestion Locative Sociale (GLS) auszebauen, hëlleft et just, nei Proprietären ze gewannen.
Dat sot d'Premier Conseiller am Logementsministère Diane Dupont e Méindeg de Moien um RTL-Mikro. Aktuell ginn et eng 1.100 GLS-Wunnengen, et wieren der all Joers méi, mä d'Demandë vu Säite vun de Locatairen klëmmt awer och.
D'Gestion Locative Sociale wier ee vun enger ganzer Rei Elementer am Kader vum abordabele Logement. Domadder soll virun allem verhënnert ginn, dass Wunnengen an Haiser eidel stinn. De Proprietär ka säi Logement nämlech enger Associatioun zur Verfügung stellen a brauch sech dann ëm näischt méi ze këmmeren. Nieft der Garantie, dass de Loyer bezuelt gëtt, huet de Proprietär och nach steierlech Virdeeler. Fir d'Locatairen ass de Virdeel, dass si méi abordabel kënne lounen an e soziale Suivi vun der jeeweileger Associatioun kënne kréien.
Wéi geet et fir d'Locatairen no der GLS weider?
De Logementsministère gëtt den Associatiounen de Kader fir d'Gestion Locative Sociale vir, esou d'Diane Dupont. Et géing awer keng zäitlech Limitt virgeschriwwe ginn fir de Bail. D'Associatioune kënnen esou en Delai am Kontrakt festleeën. D'Iddi ass, dass Leit gehollef kréien, bis si hir finanziell Situatioun nees konnten opbesseren an dann d'Wunneng fir nees nei Locataire kënne fräi maachen. Ma dat ass wéinst dem aktuelle Wunnmarché ëmmer méi schwéier.
Et missten dofir nach weider Efforte gemaach ginn, fir allgemeng méi abordabele Wunnraum ze schaffen. Bei den ëffentleche Promoteueren SNHBM a Fonds du Logement wieren d'Waardelëschten nämlech immens laang. Beim Fonds du Logement wier ee bei 5.000 Leit, déi sech fir eng Wunneng interesséieren, esou d'Diane Dupont, déi och Presidentin vum Fonds du Logement ass.
Aktuell hu Locatairen et net einfach, fir aus enger GLS-Wunneng erauszegoen, well si um private Marché net Fouss faasse kënnen an et am abordable Logement ebe mat de Kapazitéiten net duergeet. Dowéinst sollen déi grouss abordabel Wunnprojeten, déi aktuell ëmgesat ginn, virun allem de Locatiouns-Park erweideren.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.