De Jean-Jacques Schonckert vun der Associatioun "Mäi Wëllen, mäi Wee" war um Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
Zanter 14 Joer gëtt et hei am Land d’Recht fir ënner gewësse Konditioune Stierfhëllef unzefroen. Se gëtt awer net dacks applizéiert. Bis 2020 gouf et 104 Euthanasien. Déi lescht zwee Joer gouf et der all Kéiers iwwer 20.
Dat läit dorunner, datt d'Leit awer och Dokteren a Fleegepersonal net genuch iwwert de Sujet informéiert wären. Si géifen net wëssen, datt et d’Stierfhëllef gëtt. Oder wéilten et net wëssen. Dat sot de Jean-Jaques Schonckert en Dënschdeg de Moien am RTL-Interview. Hien ass de President vun der Associatioun "Mäi Wëllen, mäi Wee". E Veräin, deen informéiert an och d’Leit begleet um Enn vun hirem Liewen.
D’Thema Stierwe wier nach ëmmer tabu, bedauert de Jean-Jacques Schonckert. 2008/2009 gouf et enorm Kontroverse wéinst dem Gesetz vun der Stierfhëllef. Et war e Meilesteen, datt Lëtzebuerg als 3. Land weltwäit deemools d’Euthanasie agefouert huet. D'Realitéit um Terrain wär awer haut méi nuancéiert.
Net jiddereen, dee selbstbestëmmt wéilt stierwen, kritt och Stierfhëllef. Dofir misste bestëmmte Konditiounen erfëllt sinn. Virop misst ee volljäreg sinn a wéinst enger Krankheet oder engem Accident an enger schwéierer, onheelbar an Ausweeloser medezinescher Situatioun sinn a leiden.
An enger Patienteverfügung (och nach Directive Anticipée genannt) géif een alles ronderëm d’Palliativmedezin ausdrécken. An enger “Disposition de fin de vie” geet et ëm d’Euthanasie. Dat muss am Virfeld schrëftlech festgehale ginn a muss ageschéckt ginn. Wichteg wier och, datt ee seng Famill iwwert säi Wonsch informéiert. An och wann een dat eng Kéier festgehalen hätt, kéint een zu all Moment soen: Stopp, ech wëll dat awer net méi. Sou de President vu "Mäi Wëllen, mäi Wee", deen och de Wonsch geäussert huet, fir en Haus "de fin de vie", fir an Dignitéit ze stierwen.
Informéiere kann ee sech bei der Associatioun “Mäi Wëllen, mäi Wee”.
mwmw.lu
info@mwmw.lu
+352 26 59 04 82
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.