E Mëttwoch de Moie war eisen ekologesche Foussofdrock Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Mir sinn alleguer mat schold um Klimawandel: de Konsument, d'Politik, déi de Kader setzt an och d'Betriber. Dat sot de Romain Poulles e Mëttwoch de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. De Grand-Duché huet jo en Dënschdeg schonn den Overshoot-Day erreecht, also den Dag, wou mer all eis natierlech Ressourcë fir e ganzt Joer schonns opgebraucht hunn. Lëtzebuerg bräicht 7 Planéiten. De President vum Nohaltegkeetsrot huet erkläert, dass een d'Schold och net eleng op den Tanktourismus kéint leeën. Eng Etüd hätt gewisen, dass de Verkéier just fir 1,6 Planéite responsabel wier, de Rescht wier einfach de Konsum vum Lëtzebuerger, den och duerch e Räichtum entsteet, dee vum Tanktourismus generéiert gëtt.

Vill kleng Gesten an ee méi nohaltege Wirtschaftsmodell

Virun 2 Wochen hat de Romain Poulles gesot, et géing net duer goen, fir "just an d'Dusch ze pissen", mee jidderee kéint ganz vill kleng Geste maachen, fir dass mer eisen enormen ökologesche Foussofdrock erofgedréckt kréien. Mä d'Gesten eleng géingen och net duergoen. Mer bräichten och en neie Wirtschaftsmodell an ee méi nohaltege Gesellschaftsmodell.

E richtegen Debat iwwert eise Wuesstem géif guer net méi gefouert ginn. De Wuesstem wier onëmgänglech, allerdéngs kéint een och all déi negativ Konsequenzen net méi niéiere wéi zum Beispill d'Logementskris. Déi politesch Ambitioune wieren nach ëmmer largement net héich genuch. Dat géing een och an de Walprogrammer gesinn, déi elo amgaang sinn, geschriwwen ze ginn, kritiséiert de Romain Poulles.

Nohaltegkeet muss sozial gerecht sinn

D’Nohaltegkeet an déi sozial Gerechtegkeet sinn enk verbonnen, an do wier d'Politik och gefuerdert, dass jiddereen et sech leeschte kéint. Als wesentlecht Element bezeechent de President vum Nohaltegkeetsrot iwwerdeems den neien Nohaltegkeets-Check, dee bei all politescher Decisioun muss gemaach ginn. Zanter 15 Joer hätt een dat gefuerdert, elo wier en endlech en place. Wéi dat an der Praxis um Enn wierklech ofleeft, dat misst een awer nach gesinn.

RTL
Invité Redaktioun - Romain Poulles

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.