E Freideg de Moie war d'Tripartite Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'Steiertabelle musse sou séier wéi méiglech un d'Inflatioun ugepasst ginn. Dat huet d'OGBL-Presidentin Nora Back e Freideg de Moie kuerz virum Optakt vun den Tripartitesgespréicher zu Senneng bei eis um Radio widderholl. Déi dräi national representativ Gewerkschaften hate mat dëser Fuerderung schonn am Virfeld vun der Dräierronn e Freideg esou Drock op d'Regierung gemaach, datt déi, no laangen Diskussiounen, de Sujet awer uschwätzen dierft.

Obwuel de Premier nach en Dënschdeg géintiwwer der Press gemengt hat, Steiere géifen am Fong net ënnert d'Kompetenz vun der Tripartite falen. Der Presidentin vum Onofhängege Gewerkschaftsbond no, géif dat weisen, datt et sech lount, sech fir en Thema anzesetzen. Déi ongerecht  "kal Progressioun" a "permanent Steiererhéijungen" missten elo endlech aus der Welt geschaaft ginn.

Andeems d'Steiertabellen net méi un d'Inflatioun adaptéiert ginn - wat zanter 2013 de Fall ass -  kréien d'Stéit hire Kafkraaftverloscht net komplett duerch den Index kompenséiert, well se nom Ausbezuelen an der Steiertabell no uewe rëtschen a sou also méi Steiere bezuele mussen. Vun der 2,5 Prozent Hausse op der Pai géifen der just 1,7-1,75 Prozent iwwreg bleiwen.

Aacht Steierhaussë bis Enn 2023

Bis d'Enn vun dësem Joer géifen d'Leit op dës Manéier aacht Steierhaussen erliewen. Dat wier enorm, sou d'Nora Back. D'Kafkraaftverloschter missten am Portmonni vun de Leit um Netto kompenséiert ginn. Zanter 2017 - also zanter der leschter Steierreform - hätt d'Politik missen an där Fro aktiv ginn, duerfir wier et wichteg, datt sou séier wéi méiglech elo eppes geschitt. All Dag, dee verluer geet, wier ze spéit. Déi genee Modalitéite wieren natierlech Verhandlungssaach.

Mëttelschicht profitéiert am meeschte vun enger Upassung vun der Steiertabell

Dem Nora Back no géif besonnesch d'Mëttelschicht vun der Upassung vun de Steiertabellen un d'Inflatioun profitéieren. Mat ronn 5.000 Euro wier een nämlech am meeschte vun der "kaler Progressioun" concernéiert. Op d'Kritik, datt Leit mat héije Paien iwwerduerchschnëttlech vill duerch eng Adaptatioun vun de Steiertabelle rauskréien an de Staat doduerch Steiere verléiert, seet d'Presidentin vum Onofhängege Gewerkschaftsbond, datt den OGBL weider u senge Revendicatiounen no méi engem gerechte Steiersystem festhält. Et géif een och vun der nächster Regierung fuerderen, datt déi ënnescht a mëttel Revenuen entlaascht an déi héich méi besteiert ginn.

Ob d'Fro, ob den OGBL da bereet wier, fir d'Upassung vun de Steiertabellen un d'Inflatioun ze deckelen, huet d'Nora Back op d'Negociatioune verwisen. Et misst een och kucken, wat technesch méiglech ass. Wichteg wier op alle Fall fir déi ënnescht Revenuen an d'Mëttelschicht z'entlaaschten an awer och de Phänomen vun der "kaler Progressioun" aus der Welt ze schafen.

"Mir ginn eis net zefridde mat klenge Steierkreditter"

Berechnungen, déi gemaach goufen, loossen een zur Konklusioun kommen, datt haaptsächlech Persounen op Mindestloun-Niveau elo am Abrëll méi schlecht ewech kommen, wann de Steierkredit-Energie duerch de regulären Index ersat gëtt. Do wier d'Regierung effektiv ënnert engem gewëssenen Zuchzwang, fir deem entgéintzewierken. D’Nora Back deit d’Aussoe vun der Finanzministesch Yuriko Backes, "eppes Flottes fir d’Leit ze maachen" an deem Sënn, datt Blo-Rout-Gréng hei aktiv wëlle ginn.

An den An vum OGBL, wieren Entlaaschtungen op deem Niveau awer sécher keen Ersatz fir d'Upassung vum Barème un d'Inflatioun. Et géif ee sech net mat klenge Steierkreditter zefridde ginn. An och déi annoncéiert Indextranche Enn des Joers stéing absolut net zur Dispositioun.

D'Nora Back huet ënnerstrach, datt d'Gewerkschaft weider zum Tripartite-Accord vu September steet. Doranner war jo eng Kompensatioun vum Staat fir d'Betriber vun enger drëtter Indextranche bis Enn des Joers virgesinn. Datt Steiergelder eventuell méi laang fléissen, fir de Betriber entgéintzekommen, gesäit d'Gewerkschaftsvertriederin kritesch. Bei de Präisdeckelen op der Energie geet d'Nora Back fest dovunner aus, datt se iwwert Enn des Joers eraus nach e puer Méint verlängert ginn, fir 2024 en Inflatiounsschock ze verhënneren. De Statec geet a senge leschte Previsioune vun enger Präisdeierecht vu 4,8 Prozent d'nächst Joer aus.

Invité vun der Redaktioun: Nora Back

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.