Aus dem neie Prisong um Uerschterhaff koume bis ewell erstaunlech wéineg Reklamatiounen – och wann et eng Rei Ulafschwieregkeete gouf.

Et hätt natierlech e bësse gedauert, bis sech déi mëttlerweil 237 Prisonéier un déi nei Infrastruktur gewinnt hätten. Dat sot d'Ombudsman Claudia Monti en Donneschdeg de Moien. Si huet viru kuerzem mat der Direktioun en éischte Bilan vum neie Prisong gezunn. An den nächste Woche wäert si och nach mat den Detenuen schwätzen.

Invité vun der Redaktioun: Claudia Monti

Méi problematesch ass d'Situatioun fir Fraen zu Schraasseg. Do war et bis ewell sou, dass Detenuen an Untersuchungshäftlingen net konnte vunenee getrennt ginn, a fir Frae goufen et manner Méiglechkeete fir schaffen ze goen. Dat géing sech awer elo änneren, sou d'Claudia Monti. D'Ëmbauaarbechte wieren autoriséiert ginn. Un deem enge Block géing och scho geschafft ginn. Dat géing awer elo nach eng Zäitchen daueren. Wat d'Aarbecht ugeet, wier et mëttlerweil sou, dass méi Plaze fräi gi sinn an, dass besser Opportunitéiten wéi eegen Toiletten a Vestiaire konnte geschaaft ginn.

Kritik un der Unisec zu Dräibuer

Méi Kritik gouf et dann och un der Unisec, der Unité de securité fir Mannerjäreger zu Dräibuer. Dës wier net adaptéiert un d'Besoine vun de Jonken.  An och d'Collaboratioun mat der Police misst verbessert ginn wann et zu Tëschefäll kënnt.  Hei misst ee méi Moyene kréien, fir de ganz verschiddene Profiller vun den Mineure Rechnung ze droen. Dat wier nämlech ee vun den Haaptgrënn firwat et zu Clashe kënnt. Do géinge vill jonk Leit mat ganz groussen psychologesche Problemer sëtzen an dofir wier d'Unisec net ausgeriicht. Wann dat soll gemaach ginn, da bräichten d'Leit um Terrain déi néideg Moyenen, sou d'Claudia Monti.

Alternative fannen fir d'Untersuchungshaft

Zu Lëtzebuerg ginn d'Leit ze vill liichtfankeg an Untersuchungshaft gesat. Dofir géingen et bal 100 Prisonéier op 100.000 Awunner ginn. Dat war rezent d'Kritik vum Dokter Thomas Galli, Jurist a fréiere Prisongsdirekter, dee fir eng Konferenz zu Lëtzebuerg war. Et wier net un hir fir d'Justiz ze kritiséieren an allgemeng géif et och vill va-et-vient ginn an der Untersuchungshaft. D'Claudia Monti wërft allerdéngs d'Fro op, ob et ëmmer richteg ass, eng Persoun direkt an de Prisong ze setzen. Vläicht wieren Fouss-Fesselen, besonnesch fir Leit déi nach schaffen, eng Alternativ. Ma den Untersuchungsriichter wieren hei d'Hänn gebonnen. De Legislateur misst d'Gesetzer adaptéieren, sou d'Ombudsman.

Wat d'Flüchtlingsstrukturen am Land ugeet, wieren déi sécher net ideal fir traumatiséiert Mënschen. Ma et géif allgemeng un Infrastrukture feelen. Dat och wéinst der allgemenger Wunnengsbau-Problematik.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.