E Freideg de Moie war d'Resultat vun der CSV bei der Sonndesfro Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

"D'Tendenz weist no Uewen, an dat scho fir d’Drëtt hannerteneen", sou d’CSV-Co-Fraktiounscheffin Martine Hansen e Freideg de Moien hei op RTL. Der neier Sonndesfro no géing d'CSV 17 Sëtz an der Chamber kréien. Méi ewéi an der Ëmfro vun Dezember, mee manner, ewéi se jee zanter dem 2. Weltkrich hat. D’Martine Hansen sot eng Ëmfro wier just eng Momentopnam an dowéinst misst een déi nächst Méint weider schaffen. Och um CSV-Walprogramm, deen éischter no de Gemengewale vum 11. Juni presentéiert wäert ginn.

Invité vun der Redaktioun: Martine Hansen

D'CSV-Co-Fraktiounscheffin sot, si hätt Angscht, datt wann d’Blo-Rout-Gréng Koalitioun nees op 31 Sëtz kéim, déi Koalitioun da géing weiderfueren. Si hätt awer gär, datt mat der stäerkster Kraaft um Krautmaart op d’mannst geschwat gëtt. An aktuell an och de Sondagë no ass d'CSV och déi stäerkst Fraktioun. D’Martine Hansen huet déi aktuell Regierung och kritiséiert, well déi dräi Säiten an där Regierung ënnerschiddlech Positiounen hätten. Dat géing Problemer mat sech bréngen a bei kruzialen Dossiere géing wéineg geschéien. Si huet als Beispill de Logement genannt, wou an hiren Ae eng reegelrecht Tripartite néideg wier.

Iwwerdeems de Spëtzekandidat Luc Frieden net an der Chamber ass, wier hien awer bei all de Gespréicher dobäi, sou d’Martine Hansen weider. Et misst awer och dofir gesuergt ginn, datt hien déi Plattforme kritt, déi e brauch fir d'CSV Politik ze erklären. Ugeschwat op d’Kritik u sengen Decisiounen als Finanzminister virun 2013, dorënner d’Gestioun vun der Cargolux, do huet d’CSV-Co-Fraktiounscheffin dem Luc Frieden seng Gestioun vun der Bankekris als Géigebeispill genannt. Si huet him eng Kompetenz nogesot, déi senges-gläichen an der nationaler Politk-Welt géing sichen. Weider sot si, hien hätt souguer och ëmmer d’Nohaltegkeet am Bléck gehat an hie wier ganz jonk net bei d’DP gaangen, mee bei d’CSV, well him de Lien mam Sozialen a mat der Ëmwelt ëmmer wichteg gewiescht wier. Mä d’Wirtschaft wier eben en Deel vum Nohaltegkeetsdräiéck, sou d’Martine Hansen.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.