En Dënschdeg de Moie hu mir mam Vertrieder vum Interesseveräin "De Cliärrwer Kanton" iwwer d'Éislek an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" geschwat.

D'Leit am Éislek si frustréiert a fille sech am Stach gelooss, sot den Adrien Wouters vum Interesseveräin "De Cliärrwer Kanton". Hie war en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Mir hu Servicer, déi aus dem Éislek verschwannen, mir hunn Infrastrukturen, déi net richteg funktionéieren, wéi zum Beispill d'Problemer op der Zuchstreck an den Norden am Tunnel Schiebuerg, wou d'Leit Stonne brauchen, fir Heem ze kommen. Een anert Beispill ass de Führerschäinsexamen, deen an Zukunft am Norden nëmmen nach um Fridhaff ka gemaach ginn an net méi zu Wolz. Da brauch ee sech net ze wonneren, dass d'Leit frustréiert sinn an dass d'Leit d'Gefill hunn, et gëtt net no hinne gekuckt, kritiséiert den Invité.
De Paradox vun der Regierung hirer "Dezentraliséierung"

Dass de Führerschäinsexame vu Wolz ewechgeholl gëtt, wier just ee vu sëllege Beispiller, wou de Staat Aarbechtsplazen a Servicer aus dem Éislek ewechhëlt an déi dann zentraliséiert. Dat Ganzt am Kontext vun der Dezentraliséierung. Dat wier einfach e Paradox. Op de Fridhaff sollen och Servicer kommen, déi zum Beispill am Raum Ettelbréck/Dikrech waren, mee firwat missten d'Servicer vu Maarnech och erof plënneren oder de Führerschäinsexamen, deen iwweregens schonn zanter 80 Joer kann zu Wolz gemaach ginn. Och d'Argument, dass net genuch Examen do géingen ofgehale ginn, fir een Examinateur fir zwee voll Deeg ze beschäftegen, léisst den Adrien Wouters net gëllen. 1975 wéi hien de Führerschäi gemaach hätt, wieren et der bestëmmt nach manner gewiescht an donieft géing d'Bevëlkerung am Norden awer permanent zouhuelen. Zanter 2000 ass d'Bevëlkerung am Éislek ëm 70 Prozent gewuess, landeswäit just ëm 50 Prozent. Dofir géing dës Entscheedung absolut kee Sënn maachen.

De Rettungshelikopter vun Ettelbréck op Ëlwen verleeën

Donieft fuerdert den Éisleker Interesseveräin, dass de Standuert vum Rettungshelikopter soll vun Ettelbréck op Ëlwen verluecht ginn. Aktuell géing den Helikopter 65-70 Prozent vun de Flich, also bal 3 vu 4, Richtung Norde maachen. Wichteg dobäi wier net duerno den Transport an d'Spidol, mee virop wier et essentiel, d'Spidol an den Dokter bei de Patient ze bréngen. Bei Ëlwen géing et e gudde Site ginn, do kéint een och gutt mam lokale CGDIS zesummeschaffen an och e méi grousse Rayon iwwer d'Landesgrenzen ewech ofdecken.

Sens unique punkto Administratiounen

"De Cliärrwer Kanton" fuerdert och, dass d'Administratiounen am Norde solle personell opgestockt ginn. Déi lescht 30-40 Joren hätt et ee reegelrechte Sens unique a Richtung Süde ginn. D'Guicheten an d'Personal wiere permanent reduzéiert ginn. Am Sënn vun Effizienz an Dezentraliséierung, bräicht een awer méi Servicer op méi Plazen. Dat géif méi kuerz Weeër, also och manner Kilometer, bedeiten. Dat géif der Liewensqualitéit vun de Leit an dem Ëmweltschutz ze gutt kommen, sou nach den Adrien Wouters vum Interesseveräin "De Cliärrwer Kanton".

Invité vun der Redaktioun: Adrien Wouters

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.