"Verännerunge musse sinn"
En Donneschdeg de Moie war d'Situatioun vun der Lëtzebuerger Wirtschaft Thema mat der Conseillière a Porte parole vun der Chambre de Commerce.
"Verännerunge musse sinn", esou d’Beroderin a Spriecherin vun der Chambre de Commerce Bérengère Beffort. Am Virfeld vun de Gemengewalen huet d’Handelskummer fënnef Haaptrevendicatioune vun de Betriber un d’Politik adresséiert. D’Bérengère Beffort sot, et wier keng Walrecommandatioun, mä eng Campagne, wou d’Besoine vun de Betriber a vun der Wirtschaft sollen thematiséiert ginn. Déi Besoinen ergi sech duerch déi verschidde Krisen, duerch déi Lëtzebuerg an d’Welt duerchgaange sinn a ginn, sou d'Berengère Beffort. D’Beroderin vun der Handelskummer huet de Besoin vun Talenter genannt, mä och déi digital an ekologesch Transitiounen. A fir attraktiv a kompetitiv ze sinn, misste Verännerunge kommen. Dat op nationalem, mä och kommunalem Plang.
Déi kommunal Gewerbesteier ass ee Lenkunginstrument fir d’wirtschaftlech Entwécklung, deen awer och en Impakt op d'Landesplanung huet. De verstuerwene Stater Gemengeconseiller vun déi Lénk Guy Stoos hat 2005 am Paperjam kritiséiert, datt DP a Gréng d’Steier erofgesat hunn, well dat der Dezentraliséierung géing Konkurrenz maachen. D’Bérengère Beffort huet och fir eng Dezentraliséierung plädéiert a betount, d’Chambre de Commerce wéilt kee "Wildwuchs". Aktivitéite sollen awer am Beschte "gebündelt", also no beienee kommen. Méi no bei der Schaff sinn, wier net just gutt fir d’Attraktivitéit vum Land, mä och aus ekologesche Grënn. An deem Sënn plädéiert d’Chambre de Commerce och dofir, datt d’Gemengen eng "gewëssen Audace" sollen hunn a "méi kreativ" sinn. Et misst net ëmmer grouss gebaut ginn, mä ënnert dem Stréch méi dicht.
Op de lokale Widderstand géint d'Implantatioun vu grousse Betriber ewéi Google, Fage oder Knauf ugeschwat, huet d’Bérengère Beffort geäntwert: "wat mer ganz kloer brauchen, si Plazen, wou d’wirtschaftlech Aktivitéite gedeie kënnen a mir gesinn, datt mir net genuch Zones d’activités hunn". Iwwerdeems d’ADR seet, d’Land misst vläicht manner attraktiv ginn, fir de Wuesstem ze bremsen, huet d’Beroderin vun der Chambre de Commerce gesot, datt "manner Attraktivitéit géing bedeiten, datt mir eigentlech eng Stagnatioun hätten oder Phase vu Rezessioun". Dat géing an hiren Ae méi sozial Onrouen an Onzefriddenheet matsechbréngen.
Wann et em Attraktivitéit am Walkampf gaangen ass, da war dat dacks am Zesummenhang mat der Sécherheet oder Onsécherheet. D’Chambre de Commerce gesäit effektiv e Besoin fir Léisungen, wann et ëm Onhéiflechkeeten oder méi schlëmm Saache geet. Et wier eng Fro vun "Image".
E Mëttwoch hat d’Chambre de Commerce iwweregens Resultater vun enger Ëmfro bei de Betriber presentéiert, aus deene géing ervirgoen, datt et eng Vertrauenskris zu Lëtzebuerg géing ginn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.