E Mëttwoch de Moie war déi nei DP-Deputéiert eis Invitée vun der Redaktioun.

"Meng Ambitioune sinn elo mol bis zu den nächste Walen eng gutt Aarbecht ze maachen." Dat sot déi nei DP-Deputéiert Barbara Agostino als eis Invitée vun der Redaktioun. Si kéint sech virstelle mat an d'Nationalwalen a vläicht och mat an d'Regierung ze goen, dat géing awer hir Partei a schlussendlech de Wieler decidéieren.

Mir brauchen een Ëmdenken an der Mobilitéit

Si wier frou als éischte Foraine an d'Chamber ze kommen. Et wier hir wichteg, fir Minoritéiten ze kämpfen. An der Chamber sëtzt si an 3 Kommissiounen: Logement, Klima a Mobilitéit, ma besonnesch déi lescht géing hir um Häerz leien. Punkto Mobilitéit bräicht et e Changement. Si wier selwer e Fan vu Vitess a schéinen Autoen, mee och si misst do léieren, an Zukunft ëmzedenken. Si kéim aus enger italieenescher Migrantefamill an do wier den Auto ëmmer e Statussymbol gewiescht. Een Zeeche vu Reussite. Dovunner misst ee fortkommen. Dass hir elo net méi vill Zäit bleift, ronn 3 Méint bis d'Chamberwalen, gesäit déi fréier Futtball-Nationalspillerin als net ganz schlëmm. Als Ersatz-Spiller muss ee prett sinn zu all Ament. Si wier elo an der 89. Minutt agewiesselt ginn an géing sech elo mat vollem Asaz eraknéie bis den 8. Oktober.

Vun déi Gréng bei d'DP

D'Barbara Agostino ass mat der Grénger Europadeputéiert Tilly Metz bestuet an huet sech och duerch déi Relatioun ugefaangen politesch z'engagéieren. 2005 ass si nach bei de Gréngen zu Péiteng mat an d'Wale gaangen. Deemools wiere fir si all d'Parteie relativ nämmlecht gewiescht. Nodeems si sech dunn awer an d'Programmer geknéit hätt, hätt si festgestallt, dass d'DP déi Partei wier, déi hir am nooste géing stoen. 2011 wier si Independant ginn an 2013 hätt si dunn hir Parteikaart bei der DP geholl an de Choix ni bereit. Eng Koppel vu Politiker aus verschiddene Parteie wier kee Probleem. Natierlech hätt een animéiert Diskussiounen doheem, mee doraus géinge béid Säite vill Positives zéien.

Crèche zu Huewel

2019 stoung d'Barbara Agostino an der Press mat éischter negative Schlagzeilen. Deemools huet si 19 Crèchen uechter d'Land geréiert a bei enger Crèche zu Huewel an der Gemeng Biekerech gouf et e Baustopp. Do wiere Beem fort geholl ginn, ouni déi néideg Kompensatiounen. Si hätt de Parquet vun Dikrech 3 Mol relancéiert, fir ze wëssen, wou dës Affär drun ass. Wa si sollt e Biotop zerstéiert hunn, da wier et och richteg, dass si géing dofir bestrooft ginn. Ma bis haut, wier an der Affär net tranchéiert ginn.

Invité vun der Redaktioun: Barbara Agostino

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.