E Méindeg de Moie waren d'Fuerderunge vum CGFP am Walkampf Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D’Äntwerte vun de Parteien op d’Froen a Fuerderunge vun der Staatsbeamtegewerkschaft stellen d’Gewerkschaft zefridden. "Jo dat stëmmt zu engem ganz groussen Deel", esou de President vun der CGFP um Méindeg de Moien hei op RTL. De Romain Wolff huet awer och betount, et misst een kucken, wat no de Walen och tatsächlech geschitt.

Hei sinn d’sougenannt "Wahlprüfsteine" vun der CGFP.

Als Beispill huet hien drop higewisen, datt d’Regierung zwar am Gehälteraccord Enn vum leschte Joer acceptéiert huet de Bewäertungssystem an der Fonction Publique ofzeschafen, mä net an der Arméi. Datt Fokus als eenzeg Partei en neie Bewäertungssystem wëll verhandelen, wier keen "Affront", sou de Romain Wolff, well jidderee kéint seng Meenung hunn. Mä fir d’CGFP wier dee Sujet "duerch". De Romain Wolff an d’CGFP halen och un enger integraler Upassung vun der Steiertabelle un d’Inflatioun fest, och wann dat Leit mat méi héije Revenuen méi entlaascht ewéi Leit mat niddrege Revenuen. Dem Romain Wolff no wier d’Aarbecht ze vill besteiert an d’Verméigen net genuch. Soll ëmmer méi Kafkraaft duerch d’Finanzplaz oder ëmmer méi Wuesstem eleng finanzéiert ginn? Dem Romain Wolff no géing et eng Rei Quelle ginn, dorënner och Fonctionnairen, déi och Steiere bezuelen. Jidderengem méi ginn, dat wier awer effektiv "schwéier ëmzesetzen".

Bei anere Fuerderunge vun der CGFP hunn eenzel Parteie carrement "Nee" gesot: d’Piratepartei refuséiert zum Beispill, den Index z’erhalen, ewéi en ass, a wëll e bei 3,5 Mol de Mindestloun deckelen. Trotzdeem wollt de Romain Wolff keng Walempfeelung maachen.

Am Ufank vum Interview hu mer de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft gefrot, ob hie sech bewosst wier, wéi vill Pouvoir d’CGFP hätt. Hien huet geäntwert, et wier scho richteg, datt d’Fonction Publique "e grousse Wielereservoir" ass, mä et géing awer och nach vill aner Wieler ginn. Jiddereen huet säi Rôle ze spillen, sou de Romain Wolff.

Invité vun der Redaktioun: Romain Wolff

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.