OAI ass fir e Super-Bauteminister an e Code de la construction
En Donneschdeg de Moie war d'Situatioun vun den Architekten Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Och d'Architekte spieren d'Kris um Immobiliëmarché. D'Presidentin vum Ordre des architectes et des ingénieurs-conseils, dem OAI, huet den Donneschdeg de Moien hei op RTL confirméiert, datt et am ganze Secteur méi lues dréint. D'Michelle Friederici sot, fir Neibaute ginn et "null" nei Opträg. Puer Opträg hätt een nach bei Transformatiounen. Faillitte wieren et zwar nach keng ginn, mee et misst een dovunner ausgoen, datt schonn Aarbechtsplazen ofgebaut goufen. Et géing Büroe ginn, déi nach Aarbecht hunn an anerer net. Den OAI wéisst geschwë méi, well den Uerder e Méindeg eng "Jauge" lancéiert huet, fir bei de Memberen de Bols ze fillen.
D'Michelle Friederici wollt den Donneschdeg de Moien net kloer soen, ob si éischter d'aktuell Regierungspolitik am Logement ënnerstëtzt oder d'Propos vun der CSV. Déi wëll jo ënnert anerem steierlech Virdeeler nees aféieren, fir de Bau ze stimuléieren. DP, LSAP an déi Gréng haten déi erofgefuer, well déi net zu vill méi Bau gefouert hunn an d'Präisser nach méi geklomme sinn. D'Presidentin vum OAI sot just, de Staat kéint net alles maachen, d'Regierung huet scho Mesuren an d'Weeër geleet, mee déi spiert een nach net. An et misst een awer iergendwéi den Investisseuren d'Angscht ewechhuelen.
De Réckgang vun Aktivitéiten um Bau riskéiert net just, Aarbechtsplazen ze kaschten, mee et riskéiert, de Manktem u Wunnengen nach ze verschäerfen. D'Prozedure vereinfachen, ass zanter Joerzéngten e Sujet. Den Ordre des architectes huet am Virfeld vun de Chamberwale sech op en neits fir e Super-Bauteminister ausgeschwat mat Innen-, Ëmwelt-, Logements-, Landesplanungs- a souguer Mobilitéitsministere ënnert enger Persoun. Dee kéint d'Gesetzer, déi aktuell dem OAI no deels widderspréchlech sinn, verbesseren an an engem Code de la construction compiléieren.
Den Ordre des architectes huet mat de 7 Parteien, déi aktuell an der Chamber vertruede sinn, déi Propos an anerer diskutéiert. Op engem Internetsite kann een all d'Proposen a Fuerderungen an d'entspriechend Positioune vun de Parteien noliesen. D'Michelle Friederici wollt den Donneschdeg de Moien nämlech keng Walempfeelung maachen. Jidderee soll sech selwer e Bild maachen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.