Um Donneschdeg war de Serge Kollwelter a senger Funktioun als Porte-parole vun der Initiativ "Ronnen Dësch" eisen Invité vun der Redaktioun.

Iwwer d'Frontalieren, d’EU an d’Pensiounen hunn ech am Walkampf net ganz vill héieren. Dat sot de Serge Kollwelter en Donneschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. De Porte-parole vun der Initiativ "Ronnen Dësch" huet erkläert, dass ee sech och Froe misst stellen, ob et gesond wier, dass mer e Sonndeg Wieler vertrauen, déi entweder majoritär al sinn oder Staatsbeamten. Zur gläicher Zäit ginn Dräi-Véierels vun der aktiver Populatioun ausgeschloss. Elo kéint ee soen, d‘Lëtzebuerger hätten decidéiert, déi erauszeloossen. Mee a Südafrika hätten déi, déi d‘Muecht haten och decidéiert, dass si d‘Muecht eleng hätten an dat ënnert sech "demokratesch" beschloss. Dat wier keng gesond Situatioun. Do wier Handlungsbedarf. "Referendum 2015 hin oder hier. Mir mussen eis där Fro nees eng Kéier stellen“, fuerdert de Serge Kollwelter.

Frontaliere besser mat abannen

De "Ronnen Dësch" huet am ganzen 25 Wal-Préifsteng erausbruecht, déi sech un d'Wieler riichten. Och d‘Frontaliere ginn do thematiséiert a solle besser mat agebonne ginn. Si géinge schliisslech de Gros vun hire Steieren hei loossen an am Géigenzuch géingen déi Uertschaften, wou si hierkommen veraarmen. Ville géing de Bezuch zur Groussregioun feelen an do solle virop déi Jonk sech kenneléieren. Zum Beispill duerch e Jumelage vu Lëtzebuerger Lycéeë mat Lycéeën aus Däitschland, Frankräich an der Belsch.

Donieft huet sech de "Ronnen Dësch" Gedanke gemaach iwwer Sexismus, Diskriminatioun a Rechter vun LGBTIQ+ Mënschen an iwwert d’Aarmutsbekämpfung. 20% vun der Populatioun, 100.000 Leit hei am Land, géifen un der Aarmutsgrenz liewen. Dat wier fir eis Gesellschaft, déi selwer vu sech behaapt räich ze sinn, ongesond. De Sputt tëscht Aarm a Räich géif och ëmmer méi grouss ginn.

Nämmlecht Rechter fir all d'Flüchtlingen

Handlungsbedarf gesäit de Serge Kollwelter och an der Migratiounspolitik. Beim Logement zum Beispill, wou hie sech virstelle kéint, dass een éischter op den däitsche Modell misst goen, wou Refugiéen op d’Bundeslänner an dann op d’Gemenge verdeelt ginn, jee no Awunnerzuel. Dat hätt als Virdeel, dass et vill méi dezentraliséiert wier an dass d'Leit vill méi Kontakt hätte mat deenen, déi ronderëm si wunnen. Hei géingen deels 1.000 Leit op enger Plaz wunnen, sou de Porte-parole vum "Ronnen Dësch". De Serge Kollwelter fuerdert, dass all d‘Flüchtlingen déi selwecht Rechter kréie wéi d‘Ukrainer, déi zum Beispill direkt dierfe schaffe goen.

Ministere solle Rechenschaft ofleeën

D‘Ministeren hunn dem Parlament Rechenschaft ofzeginn. Dat wier ee vun de Prinzippie vun enger Demokratie, sou den Invité. Hie wéisst net, ob ee vun de 60 Deputéierte wéisst, wat de Xavier Bettel en Donneschdeg op de Sommet vun der Europäescher Gemeinschaft op Grenada vertriede geet. An och wann hie géing erëmkommen, géing hien d'Parlament net informéieren. An anere Länner wéi Holland oder Dänemark géing de Premier viru säi Parlament goen, iert en op e Sommet fiert an dat selwecht géing och fir all d'Ministerréit gëllen. Och eis Ministere géinge kaum deene Rechenschaft ginn, deene se et schëlleg wieren. Dat wier e groussen Defizit, kritiséiert de Serge Kollwelter.

Invité vun der Redaktioun: Serge Kollwelter

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.