E Méindeg de Moie war de Gesondheetssysteem Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Grondsätzlech ass et fir eis wichteg, dass am Santésministère eng Persoun iwwerhëlt, déi net mat enger fixer Meenung kënnt, mee dass et eng Persoun ass, déi nolauschtert. Dat sot d'Anne-Marie Hanff e Méindeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun. D'Presidentin vun der ANIL, der Associatioun vun den Infirmièren an Infirmieren, huet verschidde Fuerderungen un eng nächst Regierung op den Dësch geluecht. Virop wéilt een, dass d'Ressourcen am Gesondheetssecteur besser agesat ginn, domat kéint een och Sue spueren, wat jo am Interêt wier vun enger nächster Regierung ass.

Endlech Attributiounen vun den Infirmièren upassen

Eng Infirmière wier wéi ee Schwäizer Täschemesser. Et kéint ee vill Saache maachen, mee aktuell géing just d'Messer benotzt ginn. Et misst een déi aner Kompetenzen unerkannt kréien, fir dës och kënnen auszeféieren. Do geet ëm déi sougenannt Attributioune fir d’Infirmièren. Zum Beispill kéint een an engem Cabinet eng Infirmière de pratique avancée asetzen, déi dann déi Leit betreit, déi ënner chroneschen Erkrankunge leiden. Do kéint d‘Infirmière de Suivi maachen, d‘Leit doheem besichen a wa se mierkt, dass eppes net an der Rei ass, den Dokter derbäi schalten. Sou hätt den Dokter méi Zäit fir déi Fäll, wou hie wierklech gebraucht gëtt.

Dës Demande ass net nei, mee an de leschten Jore hätt sech net vill gedoen, well de Santésministère ënnerbesat ass, sou d'Anne-Marie Hanff. Et hätt een zum Beispill mëttlerweil eng sougenannt Chief Nursing Officer. Dës wier zoustänneg fir all d'Gesondheetsberuffer, mee dat wier just eng hallef Tâche an deemno onméiglech, fir de Projet virunzebréngen. D‘ANIL hofft, dass de Gesondheetsministère an Zukunft renforcéiert gëtt mat qualifizéierte Leit.

Penurie bekämpfen: Infirmièren am Beruff behalen

Grousse Problem bleift generell d'Penurie u Personal an der Fleeg. Bis 2030 bräicht een, dem Plan national de Santé no, 3.827 Infirmièren. Also missten der ronn 600 d'Joer hei am Land forméiert ginn. Aktuell sinn et der just maximal 100. Dofir wier een immens frou, dass d'nächst Joer endlech de Bachelor fir Sciences Infirmières op der Uni.lu ufänkt. Aktuell schaffen zum Beispill am CHL just 20 Prozent Fleegepersonal, déi hei am Land ausgebilt goufen. Et misst een awer op de Wee kommen, dass duerno op d'mannst zwee Drëttel vun den Infirmièren, déi hei schaffen, och hei forméiert ginn. Dofir misst d‘Formatioun eng Prioritéit vun der nächster Regierung ginn.

Donieft wier et awer net just wichteg, nei Infirmièren auszebilden, mee och se duerno am Job ze behalen. Dofir missten sech d‘Aarbechtskonditiounen an de Spideeler verbesseren. Do proposéiert d‘Anne-Marie Hanff e Bléck op d‘Magnet Hospitals am Ausland ze werfen. Do géing ganz geziilt gekuckt ginn, dass d‘Leit zefridden op der Aarbecht sinn an dass d‘Qualitéit vun der Fleeg besser ass. Doduerch géingen et manner Fluktuatioune beim Personal ginn an däitlech manner Krankeschäiner.

Pilotprojet: Gemengeninfirmière

Donieft proposéiert d'ANIL och e Pilotprojetvun enger Gemengeninfirmière anzeféieren. Dës géing de Volet ofdecken, deen den Ament net vun der Fleegeversécherung ofgedeckt gëtt. Se kéint sech ëm vulnerabel, eeler Leit bekëmmeren, déi eleng wunnen. Am Ausland géing dat scho gemaach ginn a mat engem Pilotprojet kéint ee kucken, wéi een dat zu Lëtzebuerg kéint ëmsetzen. Eng CSV hätt zum Beispill schonn Interessi u sou engem Projet gewisen, erkläert d'Invitée.

Invité vun der Redaktioun: Anne-Marie Hanff

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.