D'Gesetz, dat Begriefnisser reegelt, ass net méi zäitgeméiss

© RTL
Et wier net méi zäitgeméiss, dass hei zu Lëtzebuerg d'Begriefnis 72 Stonnen nom Doud vun der Persoun muss sinn.
Do misst d'Legislatioun vun 1913 geännert ginn. D'Famill géif ganz dacks net méi ganz hei zu Lëtzebuerg wunnen. 3 Deeg wären dowéinst einfach ze kuerz. Mir wäre mat dëser Frist och quasi eleng an Europa. Dat sot de Gerant vun Erasmy Pompes Funèbres Jean-Paul Erasmy e Freideg am Interview um Radio. Den Ëmgang mam Doud hei zu Lëtzebuerg wier op alle Fall och méi zeréckhalend wéi an anere Länner. Mir hätten am Verglach mam Ausland ganz kuerz Zeremonien.
Bëschkierfechter ëmmer méi beléift
7 Prozent vun de Cliente wéilten hir Doudeg opboren. Dat doheem oder am Spidol, wou et speziell Raimlechkeeten dofir ginn. De Jean-Paul Erasmy huet och erkläert, dass zu Lëtzebuerg d'Demande, fir d'Urn mat den Äsche mat heem ze huelen, ganz kleng wier . Dat ass iwwerdeems och net erlaabt.
Bëschkierfechter wären iwwerdeems ganz beléift. 26 ginn et der, dee leschten ass dëst Joer um Houwald opgaangen. Op de Bëschkierfechter wier genuch Plaz, fir der Demande nozekommen, esou de Jean-Paul Erasmy. Eenzege Problem wier, dass eng verstuerwe Persoun just op e Bëschkierfecht dierf kommen, wa se an der respektiver Gemeng gelieft huet. Et géingen awer och Ausname gemaach ginn. Et misst een an Zukunft dofir suergen, dass all d'Bierger Accès op e Bëschkierfecht hunn, och wa se net an enger Gemeng liewen, déi een huet, fuerdert de Gérant vun Erasmy Pompes Funèbres.
Aus den Äschen e Bam wuesse loossen?
Bio-Urnen, mat deenen dann en neie Bam wuesse kann, fënnt de Jean-Paul Erasmy eng flott Iddi, mä d'Gemengen an d'Gesetzer géifen nach net matspillen. Biologesch Särg, déi sech besser zersetzen, gi vum Client iwwerdeems nach net esou gefrot. Do wier d'Demande virop no Eechen-Särg. Natierlech wieren dës bei Anäscherungen net erlaabt, do géing een op Kifer- oder Dännenholz zeréckgräifen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.