E Mëttwoch de Moie war d'LSAP-Fraktioun an der Chamber Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Parteigremien an och d'Deputéiert kréien de Koalitiounsaccord nach net ganz ze gesinn, sollen awer driwwer ofstëmmen. Dat ass net ze verstoen an eigentlech e komescht Demokratieverständnis, sou d'Kritik vun der Nach-Inneministesch an der neier LSAP-Fraktiounspresidentin Taina Bofferding. Si war e Mëttwoch de Moien eis Invitée vun der Redaktioun an huet och bedauert, dass een esou schlecht an d'Verhältnis tëscht Oppositioun an neier Regierung start. Quasi dat klassescht Spill, Majoritéit géint Oppositioun. Do géing ee sech méi eng kollegial Zesummenaarbecht wënschen, mee wann de Wand elo sou géing blosen, da géing ee sech dorop astellen.

Politesche Wëllen, fir déi néideg Reformen ze maachen

Déi vill Spekulatiounen an de leschten Deeg, wie wéiee Ressort kritt a wie fir d'nächst Dieren am Inneministère wäert opmaachen, géinge si midd maachen, sou d'Nach-Inneministesch. Spekuléiert gëtt jo, dass eventuell de Logement, zesumme mat der Ëmwelt a mam Inneministère kéint geluecht ginn an dat kéint effektiv Sënn maachen, sou d'Invitée. Dat eleng géif awer net duergoen. Et géing ganz vill dovunner ofhänken, wéi motivéiert duerno d'Persoun un der Spëtzt ass a wéi gutt déi Ekipp ronderëm si ass. Et wier elo virun allem vill politesche Wëlle gefuerdert, fir déi néideg Reformen ze maachen.

Mir setzen op d'DP

"Ech hoffe jo net, dass déi wichteg Dossieren, déi elo um Dësch leien, dass déi net am Tirang verschwannen." Zum Beispill nennt d'LSAP-Fraktiounscheffin do d'Reform vun der Grondsteier, wou si sech no 80 Joer dru getraut hätt. Och d'Mobiliséierungssteier misst ëmgesat ginn, well all Mënsch am Land sech eens wier, dass et een Instrument bräicht, fir géint d'Spekulatioun virzegoen. Et hätt een awer och op deenen Dossieren zesumme mam Logements- a mam Finanzministère geschafft. Deementspriechend setzt d'Nach-Inneministesch do op de Koalitiounspartner DP. Si géing drop hoffen, dass hire Successeur net just duerch ee Partei-politesche Brëll kuckt, mee sech och bewosst wier, dass et déi Reforme bräicht.

Perséinlech Choixe vun der Paulette Lenert an dem Jean Asselborn

D'Taina Bofferding ass jo déi nei LSAP-Fraktiounscheffin. D'Spëtzekandidatin Paulette Lenert hätt op dee Poste verzicht, fir dass sech d'Partei méi breet kéint opstellen a fir dass ee wierklech an enger Ekipp géing schaffen. Et géif een eben elo zu e puer an der éischter Rei stoe mat verschiddene Stäerkten. Et hätt keng Diskussioune ginn, fir zum Beispill eng Duebelspëtzt wéi bei der CSV anzeféieren.

D'Taina Bofferding huet och Versteesdemech fir de Jean Asselborn, dee jo en Dënschdeg decidéiert huet, fir net méi an d'Chamber sëtzen ze goen. Si kéint verstoen, dass dat fir verschidde Leit kéint e batteren Nogeschmaach hunn, dass e Politiker, deen esou gutt gewielt gouf, op säi Mandat verzicht. Mee et géing ee schliisslech vum Jean Asselborn schwätzen. De Politiker, dee scho souvill Wale gewonnen hätt, bal 20 Joer Minister war, dee laang Deputéierten a Buergermeeschter war. An d'Decisioun wier him net einfach gefall. An et géing hien éieren, dass hie sou éierlech wier, fir ze soen, dass hie seng Rou bréicht a sech géing zeréckzéien, fënnt d'Invitée.

Invité vun der Redaktioun: Taina Bofferding

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.