Eng "onendlech onambitiéis" CSV-Regierungsekipp
En Donneschdeg de Moie war de Koalitiounsaccord tëscht CSV an DP Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Ekipp, déi d'CSV fir d'Frieden-Bettel-Regierung zeréckbehalen huet, wier "onendlech onambitiéis". Dat huet de fréieren CSV-Parteipresident, elo Spriecher vu Fokus, de Frank Engel en Donneschdeg de Moien hei op RTL deklaréiert. Verschidden Domänen, wou d'CSV jorelaang gemaach huet, ewéi wa se déi besser Léisungen hätt, hätt dem Frank Engel seng fréier Partei nämlech elo der DP iwwerlooss. Hien huet als Beispiller d'Educatioun genannt, déi de Claude Meisch behält. Den DP-Minister, deen dann och nach de Logement kritt, iwwerdeems de Marc Lies vun der CSV, dee sech laang Zäit "anstänneg an éierlech" ëm deen Dossier gekëmmert huet, sech weider ëm d'Bebauungspläng vu senger Gemeng Hesper kéint këmmeren.
De Frank Engel kéint iwwerdeems gutt verstoen, wann de Michel Wolter onzefridden driwwer wier, datt en net Minister gëtt, well dat e Mënsch wier, dee ganz sécher eng Plaz an der Regierung hätt. Eppes, wat dem Frank Engel gutt gefält an der neier Regierung, wier datt d'Martine Deprez Ministesch fir d'Sozial Sécherheet an d'Santé gëtt.
Wat d'Inhalter ugeet, respektiv wat déi nei Regierung déi nächst 5 Joer wäert maachen, do stellt sech de fréieren CSV-Parteipresident dann op "zimmleche Chaos" an. D'Annonce vun der CSV an der DP an hire Walprogrammer wieren nämlech schonn "onausgegore Raibereie" gewiescht. De Frank Engel huet virun allem d'Comparution immédiate op en Neits ferm kritiséiert. Mä och wat d'Annonce vu "Steierkaddoen" ugeet gouf et Kritik. Mat engem strukturelle Budgetsdefizit vun 2 Milliarden Euro hätt eng nei Regierung "méi Dréngendes ze dinn, ewéi Steierkaddoen ze verdeelen".
Datt de Luc Frieden de Koalitiounsaccord net wollt viru senger Regierungserklärung der Chamber ginn, dozou hat de Frank Engel zwou Remarken. Éischtens hätt bei de Koalitiounsverhandlungen no de Walen 2004 an 2009, déi d'CSV "richteg gewonnen hat" a bei deenen hien dobäi gewiescht wier, d'ganzt Land net wochelaang misse rätselen, iwwert wat bei de Verhandlunge géing geschwat ginn. Zweetens erënnert sech de Frank Engel un d'Bankerettung vun 2010: deemools hätt de Luc Frieden Wëlles gehat, en Emprunt vun 2 Milliarden Euro ze maachen ouni d'Chamber ze consultéieren. Dat wier och d'Aart a Weis, déi de Luc Frieden géing charakteriséieren. Et wier dem deemolege Premier Jean-Claude Juncker ze verdanken, datt d'Chamber awer gefrot gouf.
De Frank Engel sot en Donneschdeg de Moien och, hien hätt no senger "onendlecher Enttäuschung" no de Wale vum 8. Oktober eng "bannescht Akéier" gemaach an hie wëll elo zesumme mat senger Partei Fokus weiderzemaachen. Hie mengt, déi nächst Kéier géing et och duergoe fir an d'Chamber.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.