D'Lëtzebuerger Sprooch méi "visibel" maachen
En Freideg de Moie war d'Lëtzebuerger Sprooch Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D’ADR wëll, datt d’Lëtzebuerger Sprooch méi "visibel" gëtt, esou de Fred Keup e Freideg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun um Radio. Fir den ADR-Fraktiounschef weist d'Etüd vum Statec vu leschter Woch kloer, datt d’Lëtzebuergescht am Alldag ofhuele géing. Dat wier natierlech op d'Explosioun vun der Populatioun zeréckzeféieren, mä de Fred Keup wëll eegenen Aussoen no net de Leit, déi heihinner kommen, d’Schold ginn. Et wier e Versoe vun der Politik.
D’ADR an de Fred Keup fille sech duerch de Statec bestätegt, well si ëmmer drop opmierksam gemaach hätten, datt et der Lëtzebuerger Sprooch net gutt géing goen. Mä dem Fred Keup seng Freed hält sech a Grenzen: Zwar wier et eng "Genugtuung", datt d’ADR Recht gehat hätt am Géigesaz zu Politiker a Fuerscher, déi behaapte géingen, et géing der Sprooch gutt goen, mä d’Situatioun wier schlecht.
Mä wat soen d’Zuelen eigentlech genee? Eng Tabelle vum Statec weist, datt d'Zuel vun de Leit, bei deene Lëtzebuergesch déi éischt Sprooch ass, tëscht 2011 an 2021 ëm 10.000 geklomme wier. Fir de Fred Keup gëllt awer eng aner Tabell, déi weist, datt d’Zuel u Leit, déi Lëtzebuergesch als Ëmgangssprooch am Alldag uginn, vu ronn 323.000 oder 70 Prozent am Joer 2011 op 292.000 oder 61 Prozent zeréckgaange wier. Mä an där Tabelle ass och d’Franséisch zeréckgaangen. "Dat ass schonn e bësse verwonnerlech", sou de Fred Keup, deen awer iwwerzeegt bleift, datt Franséisch "op deene meeschte Plazen" d'Haaptsprooch gi wier.
Wëll d’ADR de Lycée Vauban oder d’international Schoulen zoumaachen? Ma "Nee". De Fred Keup seet, et géinge Mesurë ginn, déi kengem wéidinn. Lëtzebuergesch misst do bausse méi visibel ginn nach. Doriwwer eraus missten awer de Sproochenniveau, dee fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit gefrot gëtt, an d’Luucht gesat ginn, well am Moment wier et "sou Genre 'una cervesa por favor'".
D’Haaptursaach, firwat ëmmer méi aner Sproochen hei geschwat ginn, ass ganz einfach de Wuesstem vun der Populatioun. D’ADR wëll jo méi ee luese Wuesstem. Mä géing d’Land manner wuessen, géing et nach ëmmer net méi Leit, déi Lëtzebuergesch schwätzen: Rifft de Fred Keup dann d’Lëtzebuerger op, selwer méi Kanner ze maachen? De Fred Keup huet gelaacht, mä effektiv gemengt, datt de System net opgoe géif, wann d’Populatioun zeréckgeet.
Fir den ADR-Fraktiounschef géing einfach ville Leit um Häerz leien, datt ewéi fréier op deene meeschte Plaze géing Lëtzebuergesch geschwat ginn. De Problem wier, datt et nach vill Leit gëtt, déi Lëtzebuergesch kënnen, mä et kéim ee guer net méi a Situatiounen, wou een et kéint schwätzen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.