Bei enger normaler Doséierung vu Cannabis huet een e puer Stonnen laang eng akut Wierkung, wärend deenen een net soll Auto fueren.

Invité vun der Redaktioun: Prof Dr Volker Auwärter, Toxikolog

Duerno kéint een u sech nees fueren, mä den Cannabis kann trotzdeem nach laang am Blutt nogewisen ginn an dat wier problematesch, sou de Professer Dokter Volker Auwärter e Freideg de Moien um RTL-Mikro.
De forenseschen Toxikolog vun der Uni Freiburg huet erkläert, dass den Héchstwäert, den hei zu Lëtzebuerg erlaabt ass, nämlech 1Ng THC / Ml Blutt, eigentlech engem Null-Toleranz-Wäert entsprécht, well en esou niddereg ass. De gréissten Deel vun de Leit, déi consomméieren, géingen uewerhalb vun dem Wäert leien a kéinten domat ëmmer nach Auto fueren. Dëse Wäert wier also ganz konservativ.

Den Toleranzwäert fir Cannabis misst erhéicht ginn

Et misst een der Spezifizitéit vum Cannabis besser Rechnung droen. Cannabis géing sech nämlech – am Géigesaz zu Alkohol – no widderhueltem Konsum am Blutt  accumuléieren. Dat heescht, e géing just lues ofgebaut ginn. Doduerch hätt een dann och däitlech méi héich Wäerter wéi 1Ng/Ml am Blutt, ouni awer dovunner beanträchtegt ze sinn. An deem Sënn wier dann eng Sanktioun och net richteg, präziséiert den forenseschen Toxikolog. An Däitschland géing d'Toleranz och bei engem Wäert vun1Ng/Ml Blutt leien, mä do géing een driwwer diskutéieren, fir dësen op 3-3,5 Ng THC / Ml eropzesetzen.

Et bräicht eng Ausname-Reegelung fir Cannabis-Patienten

"Dat ass staarken Tubak", sot de Wëssenschaftler dann och dozou, dass een zu Lëtzebuerg bei engem Wäert vun engem 1Ng THC / Ml mat esou haarde Strofe misst rechnen. Dorop steet nämlech Prisong tëscht 8 Deeg an 3 Joer an eng Geldstrof vu  500 bis 10.000 Euro. Dat wier däitlech méi héich wéi an Däitschland an objektiv extrem haart, well d'Leit jo objektiv näischt falsch gemaach hätten, well de Grenzwäert eben ze niddreg ugesat wier.
Extrem verwonnert weist sech den Toxikolog och, dass et am Grand-Duché keng Ausname-Reegelung gëtt fir Cannabis-Patienten, also Leit déi medezineschen Cannabis konsuméieren. An Däitschland géingen dës Leit eben net mat Fräizäit-Konsumenten gläichgesat ginn an et géing eng Ausnam am Gesetz fir si gemaach ginn, sou de Volker Auwärter.

Alkohol ass däitlech méi geféierlech

Et wier op alle Fall ganz eendeiteg: Den Alkohol ass fir een Autoschauffer däitlech méi geféierlech wéi de Cannabis. Mam Alkohol géing nämlech déi kritesch Aschätzung vun den eegene Fäegkeeten ofhuelen. Dat heescht, d'Leit géinge sech massiv iwwerschätzen a mengen, si kéinten nach fueren och wann dat längst net méi de Fall ass, erkläert den Invité. Beim Cannabis hätte gutt Etuden gewisen, dass et genee ëmgedréint wier. D'Leit hätten dann d'Tendenz, hir eege Fäegkeet ze ënnerschätzen an géingen éischter net op d'Iddi kommen, Auto ze fueren. Dofir wieren och relativ wéineg Accidenter duerch de Cannabis bedéngt, sou den Forenseschen Toxikolog.

Generell schwätzt sech de Wëssenschaftler op d'mannst fir eng Entkriminaliséierung vum Cannabis aus. Dass donieft och soll eng legal Offer geschaaft ginn, wier natierlech nach méi eng schwiereg Fro. Do misst een och nom Jugendschutz kucken, mä grondsätzlech wier d'Bestrofung vu Konsumente keen gudde Wee. Do misst een éischter op d'Preventioun setzen.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.