De bezuelbare Wunnraum muss "geboost" ginn
En Donneschdeg de Moie war d'Kris am Bausecteur Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Ouverture vun der Kuerzaarbecht fir gewëss Branchë vum Bausecteur, deen d’Regierung e Mëttwoch decidéiert huet, wier e klenge Schrëtt, esou de President vun der Union des Entreprises, kuerz UEL, hei op RTL. De Michel Reckinger huet awer betount, datt dat Wichtegst nach géing kommen. Engersäits d’Mesuren, fir d’Demande ze stäerken an de Marché ze relancéieren, déi d'Regierung virun der Fuesvakanz soll presentéieren. Anerersäits, de groussen ugekënnegte Logementsdësch. De Logementsproblem wier nämlech e Problem fir d’ganz Ekonomie.
Enn Februar, Ufanks Mäerz solle jo Regierung, Gemengen an Entrepreneuren zesummekommen. De Michel Reckinger huet déi wichtegst Punkten opgezielt, déi missten op de Leescht geholl ginn, fir den abordabele Wunnraum ze "boosten". D’Vereinfachung vun de Prozeduren a besonnesch d’Fro vun der Finanzéierung, ëffentlech oder privat, wiere fundamental. Dowéinst wier et a sengen Aen absolut richteg, wann d’Banken, och vläicht déi ëffentlech Bank SNCI, mat um Dësch géinge sëtzen. Dem Vertrieder vum Patronat no missten dann och d'Gemengen endlech hir Verantwortung iwwerhuelen. Och wann hie géing verstoen, datt och d'Gemengen ënner Ëmstänn Schwieregkeete bei der Finanzéierung kënnen hunn.
Wat déi kuerzfristeg Mesure vum begrenzte Chômage partiel fir gewëss Branche vum Bausecteur ugeet, déi wier wuel néideg, elo Mol fir d’Betriber opzefänken, déi virun der Faillite stinn an ze verhënneren, datt Aarbechter am Chômage landen. De Michel Reckinger huet och garantéiert, datt kee Betrib wäert déi staatlech Hëllef ufroen, wann en net muss. Elleng dowéinst, well déi Mesure mat administrative Contrainte verbonne wier, an d’Patronen d’sozial Laaschte misste weiderdroen.
De President vun der UEL huet e Mëttwoch de Moien dann och eng weider Kéier bedauert, datt den OGBL eng Demande vun der UEL weider verwërft, nämlech déi vum Plan de maintien dans l’emploi fir de ganze Bausecteur. D’Regierung, mä och déi aner Gewerkschaft, den LCGB, géingen déi Demande ënnerstëtzen a just den OGBL net.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.