En Dënschdeg de Moie war de Wunnengsmaart Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Bei de Mesurë vun der CSV-DP Regierung, fir de Wunnengsmaart unzekuerbelen, kéint een net vu "Schwong" schwätzen, esou de François Bausch. De gréngen Deputéierten a fréiere Bauteminister sot en Dënschdeg de Moien hei op RTL, hie kéint mat de Mesuren, déi d’Regierung d’lescht Woch presentéiert huet liewen, well de Bausecteur an der Kris wier an d’Leit a Punkto Zënsen a Kafkraaft "ënnert d’Rieder gerode" géingen. De groussen Defi – oder "Kraaftakt" - fir déi nächst Joer, dat wier a sengen Ae awer, datt d’ëffentlech Hand de Marché "reequilibréiert". Net andeems d’Präisser erofginn, dat kréich ee senger Meenung no souwisou net hin, mee andeems de Staat genuch Wunnenge liwwert fir déi Leit, di sech um private Marché näischt kënne leeschten.

An deem Sënn huet de François Bausch begréisst, datt de Staat nach méi Wunnengen, déi nach net gebaut sinn (VEFA) wäert opkafen, an dass 900 Milliounen Euro fir de Bau vu bezuelbare Wunnenge fir d’Joren 2023 bis 26 virgesi sinn.
Dat, genee ewéi déi méi kuerzfristeg individuell finanziell Hëllefen, wieren a sengen Ae "och näischt neits", mee an der Kontinuitéit. Hie wier just iwwerrascht, datt op eemol d’Suen do wieren. Well wann et no him gaange wier, da wier ee scho méi wäit gaangen, ewéi hien nach an der Regierung war. Op d’Fro, ob hien domadder der DP d’Schold géing ginn, huet de fréiere Minister gesot, hie wéilt "kee Jugement" ofginn.

Kritesch ass de François Bausch awer nach ëmmer géigeniwwer den temporäre steierlechen Avantagë fir Investisseuren, esou wéi och den temporären Quart Taux global, also manner Steieren op d’Plus Value, wann een eppes verkeeft. Déi Mesure war awer schonn an der éischter blo-rout-grénger Regierung geholl ginn. Hien huet en Dënschdeg de Moien dru gezweiwelt, datt déi Mesure iergendeppes bruecht hätt oder géing bréngen. De gréngen Deputéierten ass éischter der Meenung, datt Plus-valuë misste méi besteiert ginn, wann zum Beispill duerch eng Ännerung um Bebauungsplang e Bien massiv u Wäert gewënnt. Déi Sue kéint een dann och benotzen, fir ëffentlech Wunnengen ze bauen.

"D'Prozedure si jo kee Selbstzweck"

De grousse Worf soll jo op engem Logementsdësch mat Regierung, Gemengen a privat Acteuren Enn Februar diskutéiert ginn an ee grousse Sujet do sinn och d’Prozeduren. De gréngen Deputéierten huet bedauert, datt dacks mam Fanger op Ëmwelt-Prozedure gewise géing ginn. Ouni den Ëmweltschutz a Fro ze stellen, hätt seng Parteikolleegin a fréier Ëmweltministesch Joelle Welfring eng Rei Prozeduren d’lescht Joer scho méi flexibel gemaach.

"Prozedure si jo kee Selbstzweck", sou de François Bausch. Fir hie misst een endlech méi op d’Gemengeprozedure kucken. Et géingen Asproch-Méiglechkeete ginn, wann den allgemenge Bebauungsplang (PAG) geännert gëtt, da wann e spezifesche Bebauungsplang (PAP) gemaach gëtt, an dann nach wann d’Baugeneemegung ugefrot ass. Hie sot: "Etass alles ok, mir sinn an engem Rechtsstaat, mee och do kann een eng Kéier kucken, ob ee keng Saache ka beschleunegen, respektiv änneren". A senge Joren als Minister hätt hien de Gros vun de Problemer gehat, well Leit eppes net wollten oder egoistesch waren an engem Noper eppes net wollte vergonnen.

Bausch bei den Europawalen?

De François Bausch ass vu senger Partei gefrot ginn, fir mat an d’Europawalen den 9. Juni ze goen, mee hie wier nach net decidéiert, sou de Concernéierte selwer. Decidéiert wier just schonn, datt d’aktuell gréng Europadeputéiert Tilly Metz sécher op der Lëscht ass. Mëtt Mäerz géing hie seng Decisioun bekannt ginn, sou nach de François Bausch.

Invité vun der Redaktioun: François Bausch

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.