E Freideg de Moie war den Zuchverkéier Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Am Zuchverkéier hei am Land ginn et d'nächst Woch e puer Upassungen: Op der Streck tëscht Audun-le-tiche an Esch ginn tëscht dem 12. a 16. Februar d'Zich duerch Ersatzbusser ersat. Op der Stréck vu Wuelmereng op Beetebuerg fiert just een Zuch vun zwee. Déi Upassunge si wéinst Personalmanktem bei den CFL. De Generaldirekter vun den CFL Marc Wengler huet um Radio erkläert, datt e puer Saachen zum Personalmanktem gefouert hätten: Bei d'Congéë fir d’Fuesvakanz wieren nach vill Krankeschäiner bäikomm.

D'Congéë wollt een elo net sträichen, well d'Personal an de leschte Méint alles ginn hätt, esou de Marc Wengler. Den Enkpass wier eleng um Niveau vum Begleetpersonal. De Chef vun den CFL huet gemengt, datt ee wärend der Pandemie net genuch hätt kënne rekrutéieren a forméieren: "Deemools konnte mer net esou grouss Klassen astellen." 2021 an 2022 hätt een dat eegent Rekrutementszil net erreecht. Fir dëst Joer géing et besser ausgesinn, och wann déi nei Leit nach net fäerdeg ausgebilt wieren. Et hätt een de Pool u Leit, déi een astellt, och vergréissert, beispillsweis ginn och Mi-tempsen a franséisch-sproocheg Mataarbechter agestallt.

Firwat hunn d'CFL ausgerechent déi zwou virdru genannte Strecke beschnidden? Dat géing sech dorausser erginn, datt ee wéilt esou wéineg Clienten impaktéieren ewéi méiglech. Et géing ee se awer net am Ree stoe loossen, sou de Marc Wengler: d’Ersatzbusser, respektiv Zich mat méi Sëtzplaze géingen a sengen Aen duergoen.

Méi Pünktlechkeet a Confort

D'Personal ass eng Saach, d'Infrastruktur wier déi aner. "Mir sinn an enger Phas vun extrem groussem Volumme vu Chantieren op der Eisebunn", esou de Marc Wengler. Dëst Joer sinn déi grouss Aarbechten éischter südlech, mat der Neibaustreck Beetebuerg – Lëtzebuerg. Déi Streck wier aktuell de gréissten Enkpass, wou grouss Linnen zesummekommen – Passagéiertransport a Fret. Zu Beetebuerg wäert tëscht Juli a September d'Streck, respektiv d’Gare zäitweis zou sinn, ënnert anerem well d’Ponts et chaussées d’Hammerel-Bréck mussen ersetzen.

Wéinst deem Chantier fueren iwwregens wärend den olympesche Summerspiller zu Paräis keng TGVe vu Lëtzebuerg an d'franséisch Haaptstad. De Marc Wengler sot dat wier natierlech "schued". Mee et wier een a Kontakt mat der SNCF. Hie kéint et net versprieche, mä et wier net onméiglech, datt den TGV géing bis op Esch-Belval kommen.

Déi zousätzlech Schinnen, Quaien an déi nei Zich mat méi Sëtzplazen, déi dëst Joer schonn an den Asaz kommen, wäerten d’Capacitéit weider an d’Luucht bréngen. Wann all déi "Meilesteng"  déi nächst Jore fäerdeg ginn, géif dat dem Generaldirekter vun den CFL no fir "nach däitlech méi Pünktlechkeet" a méi Confort suergen. D’Zil vun 92 % Pünktlechkeet hätt een d’lescht Joer am Duerchschnëtt erreecht, mä net iwwerall. Iwwert dem Zil wier een op der Nordstreck oder op der Streck a Richtung Waasserbëlleg komm. Ënnert dem Zil wier een op enger Rei Strecken, déi méi belaascht sinn an zwar eben am Süden.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.