Nee, d'Regierung huet kee Feelstart higeluecht
Huet déi nei Regierung mam Heescheverbuet an der Affär Meisch een Feelstart higeluecht?
Nee, seet den CSV Deputé-Maire Marc Lies. Au Contraire kéint een net vun engem Feelstart schwätzen, wa schonn am Dezember d'Steiertabell un den Index ugepasst gouf an virun knapp 2 Wochen e ganzen Logementspak presentéiert ginn ass, sou de Marc Lies.
"Wat d'Affär ronderëm de Claude Meisch ugeet, mengen ech, dass dat eng Privatsaach ass an net vill mat Regierungsaarbecht ze dinn huet. Natierlech wann ee Minister ass, an an der Ëffentlechkeet steet a schlecht Press kritt, ass dat net fërderlech", sou de Marc Lies.
Zum Heescheverbuet sot den CSV-Politiker, dass een einfach géing gesinn, dass et e richtege Problem géif an dass am Dezember hätt missen tranchéiert ginn. Als Buergermeeschter kéint de Marc Lies verstoen, dass een hätt wéilten eppes ënnerhuelen an Neel mat Käpp maachen. Iwwer d'Aart a Weis wéi et gemaach gouf, kéint een awer diskutéieren. Et hätt ee jo och schonn 2015 gewosst, dass et Problemer mat der gesetzlecher Basis ginn hätt. Dat hätt een schonn deemools missen änneren.
D'Gestion locative sociale gëtt verstäerkt
De Marc Lies war déi lescht zwou Legislaturperiode Logementsspriecher fir d'CSV. Firwat hien net Logementsminister gouf, dozou sot hien, dass de Ressort eben un d'DP gaange wier an hie keng Parteikaart bei de Liberalen hätt. Firwat de Ressort net vun der CSV besat gouf, dozou kéint hien och näischt weider soen. Hie wéisst et net.
D'Kritik vun déi Lénk, dass virun allem déi Déck vum neie Logementspak profitéiere géifen, an déi Kléng näischt dovun hätten, léisst de Mrc Lies iwwerdeems net gëllen. Déi Lénk géingen éiweg d‘Diskussioun vum "Plafonniere vun de Loyeren" an d'Spill bréngen. Op anere Plazen hätt een gesinn, dass dat net dat Allerbescht wier. Dofir géing awer zum Beispill d'Gestion locative sociale verstäerkt promouvéiert ginn. Dat wier och de beschten Outil, fir géint de Leerstand unzegoen, sou de Marc Lies. Do wieren och nach weider Gesetzestexter um Wee. An et misst och nach weider dru geschafft ginn, fir géint Terrainen, déi net bebaut sinn a Wunnengen déi eidel stinn, virzegoen.
Gesetz zum abordabele Wunnraum muss ugepasst ginn
Punkto abordabele Wunnraum wier zejoert am Juli nach e Gesetzestext gestëmmt ginn, den awer plazeweis net gutt formuléiert wier, kritiséiert de Marc Lies. Éischtens stéing do dran, dass all d'Kontrakter à durée indeterminée misste gemaach ginn. Dat wier awer net de Sënn vun enger sozialer Mesure. D‘Leit sollen net 10 oder 20 Joer an esou enger Wunneng bleiwen, mä just bis si nees op eegene Been stéingen. Donieft géing d'Jugendwunnen guer net am Gesetz virkommen. Op alle Fall wier hien der Meenung, dass d‘Gesetz op verschiddenen Artikelen misst ugepasst ginn, sou de Marc Lies.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.