D‘Ecole nationale pour adultes, kuerz ENAD, wiisst ëmmer weider, esou dass et am aktuelle Gebai um Geesseknäppchen ze enk géif ginn.

Dofir kritt d'ENAD en zweet Gebai um Escher Belval, erkläert hiren Directeur-sortant Jos Bertemes e Mëttwoch de Moien am Interview mat RTL - zwou Wochen viru senger Pensioun. Ideal wier dat natierlech net, wéinst der Schoul-Organisatioun. Verschidden Enseignante misste warscheinlech op zwou Plazen schafen. Dat kéint fir säi Successeur Kappzerbrieches ginn. Wien d'Rudder vun der ENAD iwwerhëlt, wier d'Decisioun vum Educatiounsminister a stéing nach net offiziell fest, sou den Invité.

Invité vun der Redaktioun: Jos Bertemes

Vu 50 op iwwer 600 Schüler

Ugefaangen huet d'ENAD 2011 mat 50 Schüler zu Péiteng. Ugangs wier et d'Zil vun der "Schoul vun der zweeter Chance" gewiescht, Schüler eng zweet Entrée an de Schoulsystem ze bidden an se méi spéit erëm an den normale System z'integréieren. Haut wier ee bei wäit iwwer 600 Leit, déi entweder hiren Ofschloss an der ENAD selwer maachen oder geziilt kommen, fir sech weiderzebilden, den sougenannten "upskilling".  De staarke Wuesstem léich och dorunner, dass et endlech eng Offer géif, fir Leit déi net méi kënnen an déi "normal Schoul" zeréck, sou de Jos Bertemes.

Vill verschidde Problemer fir den Decrochage scolaire

Fir z'evitéieren, dass Schüler eng zweete Kéier d'Schoul ofbriechen, gi se an der ENAD méi enk suivéiert. Et gëtt en individuelle Kontakt tëscht de Schüler an engem dediéierten Tuteur, dee se reegelméisseg gesäit. Et gi vill verschidde Grënn, firwat d'Leit hir Schoul ofbriechen. Perséinlech Grënn, finanziell Grënn, familiär Grënn wou Leit op eemol op sech eleng gestallt sinn, awer och gesondheetlech Problemer a psychesch Problemer, besonnesch no der Pandemie. Aktuell géing een nach vill Schüler kréien, déi sech wärend der Corona-Pandemie komplett zeréckgezunn hätten an einfach guer net méi an d'Schoul gaange sinn. Donieft hu verschidde Leit, déi d'Schoul ofbriechen, Inclusiouns-Schwieregkeeten duerch eng Dyskalkulie oder Dyslexie, déi dann zum Schoulofbroch gefouert hunn. Dofir géing d'ENAD duerch e ganz enke Suivi probéieren, d'Schüler richteg wouerzehuelen an hiert Vertrauen an d'Institutioun Schoul erëm opzebauen, erkläert den Invité.

Gréissten Defi: Flexibel bleiwen

Haut ass de Gros vun de Schüler ageschriwwe fir een Ofschloss ze maachen. A leschter Zäit wier awer d'Demande am sozio-pedagogesche Secteur gewuess, fir sech weiderzebilden. Zum Beispill fir Educateur oder Educatrice ze ginn. Dat kënnen déi Interesséiert an der ENAD en alternance maachen, also mat 2 Deeg Schoul an 3 Deeg schaffen.  
Haapt-Defi - nieft der Infrastruktur - wier, fir d'Offer vun der Schoul un d'Demande vum Aarbechtsmaart unzepassen, fir dass de Schüler och eng reell Perspektiv gebueden kritt. Fir vill Leit wier et nämlech net just déi zweet Chance, mee eigentlech hir Lescht, fir kënne een Diplom ze maachen, sou den Directeur-sortant Jos Bertemes.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.