E Freideg de Moie war de Leerstand an der Stad Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Fir d'Geschäftsleit am Garer Quartier ass d'Situatioun sécher net evident. Ma et maachen net just Geschäfter zou, et ginn och neier op. Dat sot Maurice Bauer e Freideg de Moien hei op RTL. De Stater Schäffen, dee fir de Commerce responsabel ass, wollt net just en negatiivt Bild vum Garer Quartier kommentéieren. Dem Maurice Bauer si vill Problemer bekannt, mee et géing och vill gemaach ginn, fir de Quartier opzewäerten. Eng extern Firma gouf beoptraagt, e globaalt Konzept auszeschaffen.

Wat de Verkéier ugeet, huet de Stater Schäffen op déi zwou gratis Stonnen am Parking Neipperg higewisen an de Parking Rousegäertchen, deen Enn des Joers nees opgeet. Aus der Aler Avenue eng Foussgängerzon maachen, wier par konter schwiereg, well d'Busser missten nach kënnen, d'Gare mat den anere Quartiere verbannen.

Wéi mer e Freideg de Moien op RTL bericht hunn, bekloe sech Geschäftsleit am Garer Quartier awer och weider iwwert en Onsécherheetsgefill an, datt d'Ville de Luxembourg keng privat Sécherheetsfirme méi patrulléieren deet. De Maurice Bauer huet drop higewisen, datt säi Parteikolleeg, den CSV-Policeminister Léon Gloden, d'Policepresenz am Garer Quartier verstäerkt huet. Ouni e präzisen Datum ze nennen, huet de Maurice Bauer e Bilan vun der neier Approche ugekënnegt.

Wat déi deels grouss Ënnerscheeder tëscht de kommerzielle Loyeren ugeet, huet den CSV-Schäffen aus der Stad un d'Proprietären appelléiert, weider Efforten ze maachen, well eng Stad wier nëmmen attraktiv, wa se och eng flott Geschäftswelt ubidde kéint.

Genee ewéi bei de Loyeren determinéiert de Prinzip vun der Offer an Demande och, wéi eng Geschäfter et an der Stad ginn an dowéinst huet de Maurice Bauer och en aneren Appell gemaach an zwar un d'Leit, fir och an d'Stad akafen ze goen.

Invité vun der Redaktioun: Maurice Bauer

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.