Wou bleift e globaalt Konzept fir de Garer Quartier?
Zanter Ufank vum Joer goufen et éischter schlecht Nouvellen aus dem Stater Commerce. Vill Butteker maachen zou, virop am Garer Quartier.
D'Problematik ass net nei, ma fir vill Commerçanten huet sech d'Situatioun dramatesch verschlechtert. D'Annick Goerens war fir eis am Garer Quartier ënnerwee, fir sech e Bild ze maachen.
Och wann et moies, ausser d'Bäckeren a soss Plazen, wou ee Kaffi ze kafe kritt, nach net vill Betrib gëtt, ass an de Spëtzestonnen an duerch déi sëllege Chantiere moies an owes eng méi lass. Moies, wou de Service Hygiène vun der Stad Lëtzebuerg scho fréi ënnerwee ass, ass souwäit och alles propper am Garer Quartier. Et gesäit ee keng Sprëtzen, keng Leit an den Entréesdieren a keng Drogendealer.
Owes ass dat schonn en anert Bild. Dat ass awer net déi eenzeg Problematik, och déi vill Chantieren droen dozou bäi. D'Annick Goerens wollt dowéinst de Bols bei de Geschäftsleit op der Gare fillen, wat sech awer éischter schwiereg erausgestallt huet. Vill vun de Geschäftsleit wollten en Donneschdeg keen Interview ginn, well een net weider schlecht Publicitéit fir de Quartier wéilt maachen an doduerch nach weider Enseignë verléieren. Vill Butteker hunn nämlech an der Lescht annoncéiert, op der Gare wëllen opzehalen. Dorënner den Akabo, d'Bagatelle, den Alima a souguer den Emo.
De Problem läit awer net just bei den Drogendealer a senge Consommateuren, fir déi de Garer Quartier dacks kritiséiert gëtt. Virun allem géing e globaalt Konzept fir d'Gare feelen. Et bräicht eppes, wat d'Leit dohin zitt. Mä den Ament leeft een duerch e Quartier mat ville Chantieren a vill Trafic, awer och villen eidele Vitrinnen, virop an der Aler Avenue. Och u Gréngs feelt et op der Gare. Doriwwer eraus kloen d'Geschäftsleit awer och iwwer d'Onsécherheetsgefill, héich Loyeren an d'Konkurrenz vum Online-Handel, déi een och op der Gare géing spieren.














































Et géing de Commerçanten awer och net einfach gemaach ginn. Eng Rei Patrone wënsche sech eng besser Kommunikatioun vun der Gemeng. Ee Geschäftsmann huet zum Beispill erzielt, dass d'Stad Lëtzebuerg him einfach vun engem Dag op den aneren d'Terrass zougemaach huet. Keng Erklärung, kee Bréif, näischt. Anerer verweise virop op d'Problematik mat den Drogen. Et géif ëmmer méi schlëmm ginn. Et gëtt bedauert, dass et keng Sécherheetspatrulle méi gëtt. E Saz, deen ee vu ville Geschäftsleit héiert, war, "deenen an der Uewerstad ass et dach ganz egal, wat hei op der Gare leeft".
De Marc Welter, Geschäftsmann a selwer Awunner vum Garer Quartier, huet mam Annick Goerens awer iwwer seng Constate geschwat, déi hien zanter senger Kandheet vu sengem Heemechtsquartier gemaach huet.
"Do muss eng Revalorisatioun vun dem ganze Quartier gemaach ginn. Haaptsächlech d'Avenue de la Gare. Enorm vill Enseignen, déi op d'gréng Wiss gaange sinn. An do muss ee Konzept ausgeschafft ginn, wéi een dat am beschte mécht. Ugefaangen natierlech mat der Avenue de la Gare, wou et desolat ass, well ëmmer méi Vitrinnen einfach zou sinn. Op der anerer Säit muss een awer och soen, dass mir eng Revalorisatioun kritt hunn - op d'mannst hei op der Paräisser Plaz an och bësse ronderëm duerch den Tram an duerch virun allem déi ganz Aarbechten op der Paräisser Plaz. Et feelt e bëssen u Gréngs, mee et ass awer trotzdeem vill méi schéi ginn, wéi et virdru war. An dat huet eis, also op d'mannst déi Commercen, déi ganz no sinn, Restaurateuren asw wierklech gehollef a mir kënnen eis net bekloen."
Eppes, wat d'Annick Goerens an de sëllege Gespréicher mat de Commerçante festgestallt huet, ass, datt Entrepreneursgeescht do ass. De Garer Quartier huet enorm vill Potenzial, mee et wënscht ee sech, dass d'Gemeng méi Suen an de Grapp hëlt an endlech eppes fir d'Attraktivitéit vum Quartier mécht. Eng Iddi, déi e puer mol opkomm ass: d'Busser an d'Autoen aus der Aler Avenue eraushuelen, fir do een anere Flair ze schaffen.