En Dënschdeg de Moie ware pediatresch Servicer Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Déi 123 Kannerdokteren hei am Land ginn net duer. Dee Constat ass kloer am Joresrapport 2023 vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher. De Charel Schmit huet dee Rapport e Méindeg an der Chamber presentéiert a war en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

An alle Regiounen, mä an der Haaptsaach am Norde géife Pediatere feelen. D'Politik misst an deem Beräich méi maachen, virop d'Ausbildung vu Pediatere fërderen. Am Idealfall bräicht et en Zesummespill vun der Kannerklinik a regionalen Kanner-Urgencen a Servicer. An deem Kontext huet den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher de Projet vun der neier Kannerklinik begréisst.

Méi Preventioun

Et misst och méi an d'Preventioun investéiert ginn. Gesond Kanner wären als Erwuessener manner krank, sou de Charel Schmit. D’Kanner sinn e Spigelbild vun der Gesellschaft. Och bei hinnen hu mental Problemer zougeholl, d’Waardelëschten si laang. Och do muss verstäerkt ugesat ginn.

Méi streng Gesetzer fir déi sozial Plattformen

Gesondheet vun de Kanner, do ass den Handy– oder Tabletkonsum en Thema. Elteren a Kanner misste sensibiliséiert ginn, fir en autonomen a responsabelen Ëmgang. Dat eleng géif awer net duergoen, bedauert de Charel Schmit. Et misst een och vun den technesche Méiglechkeete profitéieren. An et misst politesch Drock gemaach ginn op déi sozial Plattformen, wat d’Inhalter ugeet an d'Bildschiermzäit. Do wär déi europäesch Politik gefuerdert. Et kéint een zum Beispill reglementéieren, datt no enger gewësser Zäit op enger Plattform eng automatesch Auszäit kënnt. D’Ecrane sollen net skandaliséiert oder schwaarz geriet ginn, mä eng Aart Jugendschutz wär awer schonn néideg.

D’Algorithmen tricksen Erwuessener aus a Kanner a Jugendlecher nach vill méi, fir se ofhängeg ze maachen, warnt de Charel Schmit. D’Kanner bräichten eng Kandheet an eng Jugend, wou analog Erliefnisser zielen a wou se net de Sklav vun de soziale Plattforme sinn, ënnersträicht den nationalen Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher.

Invité vun der Redaktioun: Charel Schmit

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.