En Dënschdeg de Moie war d'CGFP-Maniff Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

No der grousser Maniff e Méindeg den Owend vun der CGFP war en Dënschdeg de Moien den zoustännege Minister vun der Fonction publique eisen Invité vun der Redaktioun. D’CGFP seet d’Regierung géing sech net un den Accord salarial halen. Mam Gehälteraccord den 2022 vun der leschter Regierung negociéiert gouf, war de Bewäertungssystem deen 2015 an der Fonction publique lancéiert gouf, nees ofgeschaaft ginn. Allerdéngs wier duerno duerch d’Hannerdier de Bewäertungssystem bei der Arméi nees agefouert ginn, kritiséiert d'Staatsbeamtegewerkschaft.

Invité vun der Redaktioun - Serge Wilmes

Mir schwätzen vun 2 verschiddene Systemer

D’CGFP vergläicht Äppel mat Bieren, äntwert e Méindeg de Moien de Serge Wilmes. Mam Gehälteraccord vun 2022 wier den Bewäertungssystem vun 2015 nees ofgeschaaft ginn. An zu deem Accord géing dës Regierung stoen. Et kann een also net vun Vertragsbroch schwätzen, mee just vum Respekt dovunner.

Den Bewäertungssystem an der Arméi hätt domat iwwerhaapt näischt ze dinn. Dee géing et schonn zanter 70 Joer ginn an dat wier e ganzen aneren Bewäertungssystem. Dat wieren also 2 getrennt Systemer. Bei dëse Verhandlungen 2022 wier ni iwwer d’Arméi geschwat ginn. Dat hätten d’Memberen aus der viregter Regierung him och confirméiert, erkläert den Minister.

Et ginn och aner wichteg Sujeten

Den Serge Wilmes fënnt et dann och interessant, dass d’CGFP wéi se fir d’Koalitiounsverhandlungen op Senneng invitéiert gouf, dëse Sujet iwwerhaapt net thematiséiert huet. Ech hunn d’Gefill, wéi wann d’CGFP sech hei e bëssen an eng Sakgaass verrannt huet, sou den Invité.  Aner wichteg Diskussiounen géingen elo op der Streck bleiwen, notamment iwwer geplangte Reformen an der Fonction publique. Dorënner den Télétravail, d'Harmoniséierung vun den ënneschte Karriären an d'Digitaliséierung. An doriwwer misst méi geschwat ginn. Do wier och d'CGFP als Partner gebraucht a seng Dier géing fir si ëmmer opstoen.

De Reproche vun der Gewerkschaft, dass hie sech rare gemaach hätt, léisst de Serge Wilmes iwwerdeems net gëllen. Hien hätt schonn vill Reuniounen mat der CGFP gehat a seng Dier wier ëmmer op. Mee an enger Demokratie misst een och acceptéieren, dass een sech heiansdo net eens ass, sou den Minister fir d'Fonction Publique.

D'Äntwert vun der CGFP am PDF!

Hei déi offiziell Reaktioun vum Ministère vun der Fonction publique

Le projet de loi pour la mise en œuvre de deux points supplémentaires de l’accord salarial de la Fonction publique, dont l’abolition du système d’appréciation tel qu’il a été introduit dans la Fonction publique en 2015, a été adopté par le Conseil de gouvernement le 15 avril 2024, et déposé à la Chambre des députés la semaine dernière. «Nous respectons l’accord salarial tel qu’il a été négocié», rappelle le ministre de la Fonction publique, Serge Wilmes. «Nous prenons acte de l’action de protestation de la CGFP» poursuit le ministre, «mais nous rejetons toute accusation de rupture de l’accord.»

Un système d’appréciation au sein de l’armée «est nécessaire pour la sécurité de nos militaires» précise le ministre Wilmes. «La suppression du système d’appréciation mettrait en jeu la crédibilité de notre armée.»

En date du 25 janvier 2024, lors d’une entrevue avec le ministre de la Fonction publique, Serge Wilmes, la CGFP avait reconnu le principe d’un système d’appréciation pour les militaires. Les représentants syndicaux avaient simplement proposé d’employer un autre terme.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.