En Dënschdeg de Moie goung et an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" ëm d'Thema Konsumenteschutz.

Leider steet dat esou an hire Konditiounen, dass se keng Justifikatioun musse ginn, wa se e Kont wëllen zoumaachen. De Client gëtt effektiv virun e fait-accompli gestallt. Dat sot den Nico Hoffmann en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun, iwwert dat, wat d’ING wëlles huet, fir verschiddene Clienten hir Konte wëllen zouzemaachen.

De President vum Konsumenteschutz huet erkläert, dass engem do wéineg aneres géif iwwreg bleiwen, wéi bei eng aner Bank ze goen, wat awer och net evident wier. Et géif ee schonn héieren, dass eenzel Banken esou Cliente géife refuséieren.

Den Nico Hoffmann appelléiert awer un d’Regierung, fir am Interessi vum Client ze legiferéieren, dass esou eng Situatioun net méi ka virkommen.

Nico Hoffmann: "Et géif héich Zäit, dass déi politesch Verantwortlech endlech och Verantwortung iwwerhuelen, an da legiferéieren an dat am Interesse vum Client, vum Konsument, fir dass an Zukunft esou Geschichten net méi virkommen. Et misst ee sech wierklech froen, wat den Normalverbraucher iwwerhaapt enger Bank eppes wäert ass."

Wat de Präisdeckel op den Energieproduiten ugeet, deen Enn vum Joer soll ewechfalen, wat dann zolidd Präis-Hausse mat sech géif zéien, plädéiert d’ULC kloer, dass den Deckel weiderhi misst bestoe bleiwen, fir dass d’Leit net nach méi Onkäschte kréichen, wéi se se souwisou schonn hätten.

De Staat wier do an der Responsabilitéit.

Hie wier sech bewosst, dass dat eppes géif kaschten, mä et stéing vill um Spill, seet den Nico Hoffmann. Et dierft een net vergiessen, dass zu Lëtzebuerg 20% vun den Awunner an der Aarmut oder no bäi géif liewen.

Invité vun der Redaktioun: Nico Hoffmann

D'ULC bleift dann och bei der Fuerderung, dass endlech eppes am Dossier Sammelkloe geschitt, een Dossier deen am gaangen ass verwässert ze ginn.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.