Am Kader vun den Europawale mat de sechs gewielte Kandidaten
En Méindeg de Moie waren d'Resultater vun den Europawalen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Déi 6 Lëtzebuerger Kandidaten a Kandidatinnen, déi bei den Europawale gewielt goufen, ware e Méindeg de Moien eis Invitéen vun der Redaktioun an enger grousser Table ronde.
Zefridde ware se alle 6, déi hiert Mandat och unhuelen: de Christophe Hansen an d’Isabel Wiseler-Lima (CSV), de Marc Angel (LSAP), de Charel Goerens (DP), d’Tilly Metz (déi Gréng) an – nei am Europaparlament – de Fernand Kartheiser vun der adr.
De Fernand Kartheiser wëll kee Lagerdenken, wënscht sech net ze vill "Etikettéierung", ob riets oder lénks, ob populistesch oder extrem. Wéi pro-europäesch sinn d'Parteien, déi méi riets stinn? Dat war een Haaptdiskussiounspunkt. De Charel Goerens (DP) huet do vun engem Onséchertheetsfacteur geschwat. Hie grad ewéi d'Isabel Wiseler-Lima (CSV) wéisste gär, wéi verschidde Parteien zum Beispill zum Euro, der Ukrain oder dem EU-Recht stinn. D’Meenung géif och ëmmer mol nees änneren. Déi nämmlecht Fro huet d'Tilly Metz (déi Gréng) och am Ëmweltberäich gestallt. Op de Rietsruck misst ee reagéieren, andeem een d'Leit nees méi mathëlt, huet de Marc Angel (LSAP) gemengt. An d’Suerge vun de Wieler a Wielerinnen eescht hëlt, sou och d’Tilly Metz (déi Gréng).
Wie kritt de Lëtzebuerger Kommissärsposten?
Wat de Lëtzebuerger Kommissärsposten ugeet, ass dee jo vum Premier Luc Frieden a vun der Koalitioun dem Christophe Hansen (CSV) versprach ginn. Hien hätt seng Aarbecht gemaach a mam Resultat hätt sech seng Positioun just nach verbessert, mengt den CSV-Politiker.
Den Nicolas Schmit war jo fir d'Sozialisten europäesche Spëtzekandidat. Mir hunn eist Resultat gehalen, sinn zweetstäerkste Kraaft an Europa an et féiert kee Wee laanscht eis, kontert de Marc Angel (LSAP). Hei am Land wär ee ganz no un d’CSV erukomm. D’Chancë fir den Nicolas Schmit, op e Posten an der Kommissioun, stéinge guer net sou schlecht, fënnt den LSAP-Europadeputéierten Angel.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.